Elektro-Aktionismus
Wou soll de Stroum fir d'Autoen an d'Material fir d'Batterien hierkommen?
Ech hu mat vill Interessi de Leitartikel vum Marco Meng vum Mëttwoch, 10. Februar 2021 gelies. An deem Kontext stellen sech mir e puer Froen, Froen, di sech eis (gréng) Politiker anscheinend net stellen:
1) Firwat fënnt di reegelrecht Hexejuegd op Bensinner an Diesel am Moment statt, wann an Tëschenzäit jidderee weess, dass:
– enorm vill (dreckegen) Stroum gebraucht gëtt, fir a China Batterien ze produzéieren;
– enorm vill Ëmwelt zerstéiert gëtt, fir deen néidege Lithium a Kobalt ze fërderen, ouni déi d’Batterië leider net funktionéieren;
– enorm vill Ëmwelt zerstéiert gëtt, fir di Batterien ze recycléieren (Lithium léisst gréissen);
– mir d’Kanneraarbecht an de Minnen
am Kongo ënnerstëtzen, fir de Kobalt ze fërderen;
– mir Millioune Liter Waasser am Chile an de Buedem sprëtzen, fir de Lithium aus dem Buedem ze kréien;
– mir een E-Auto, dee brennt, nach ëmmer net geläscht kréien (Parking Rousegäertche léisst hei gréissen);
– mir zu Cattenom nach een oder deen aneren Tiermche musse bäibauen, fir dem Besoin no Stroum nozekommen (well zu Rëmerschen däerfe mer dat jo net …) an et nach Jore wäert daueren, bis all Mënsch hei zu Lëtzebuerg seng eege Panneauen um Daach oder am Gaart wäert hunn, fir säi grénge Stroum selwer hierzestellen? 2) Ass et net einfach esou, dass mer quasi dozou gezwonge ginn, een E-Auto ze kafen an a fënnef Joer gesot kréien: „Sorry, mee lo muss du nach bezuelen, fir dee Schrott do ze entsuergen, an du häss awer elo besser du géings op Waasserstoff a synthetesche Kraaftstoff ëmklammen!“An hëpp, da maache mer alt dat, an d’Ekonomie leeft?
3) Oder ass et net einfach esou, dass duerch blannen Aktionismus deen een oder anere grénge Politiker sech wëll veréiwegen?
Tjo, Froen iwwer Froen, mee op eng Äntwert vu Säite vun der Politik wäerte mer nach ganz laang waarden ….
Ee besuergte Bierger, dee senge Kanner eng sécher
a propper Welt wéilt hannerloossen … Ronny Bonvini,
Diddeleng
Dëst ass eng Reaktioun op de Leitartikel „Ende des Wunschdenkens“vum 10. Februar 2021.