Wat iwwer d'Wunnengsnout net gewosst ass
En Appell un d'Propriétairen an un d'Politik
Am Kader vu mengem Engagement fir e Wunnrecht fir jidderee ginn ech Saache gewuer, déi ech virdrun net wousst a wou ech mer net ka virstellen, dass Dir, léif Lieser, déi acceptabel fannt, wann dir dat wéisst.
Ech mengen, Dir wësst all, dass et fir eis jonk Leit net einfach ass, wann se sech wëlle selbstänneg maachen oder wann se vun der Uni zréckkommen, fir sech eng Wunneng ze fannen. Sie wëllen da vläicht och net méi doheem wunnen, mee vläicht awer och net eleng, mee léiwer an enger Wunngemeinschaft. Eleng oder an der Koppel sech eppes lounen ass oft onbezuelbar.
Dir wësst och, dass vill Leit di aner Säit vun enger vun eisen dräi Grenze wunne ginn, well de Wunnraum do méi erschwénglech ass.
Dir sidd Iech och bewosst, dass an der aktueller Kris vill Leit hir Aarbecht verluer hunn, riskéieren ze verléieren oder wéineg Akommes hunn, an hire Prêt oder hire Loyer net bezuelt kréien a riskéieren, hir Wunneng ze verléieren, an op der Strooss ze landen.
Mee wësst Dir och, dass hei am Land Kanner placéiert ginn oder fäerten, placéiert ze ginn, well d’Famill keng Wunneng fënnt?
Wësst Dir, dass Geflüchteter, déi vill Schlëmmes erlieft hunn an de Statut vun der internationaler Protektioun hei hunn, mat hirer Famill net kënnen zesumme liewen, well et keng Wunneng fir si gëtt?
An iwwerhaapt, wësst Dir dass vill Geflüchteter net rauskommen aus de Foyeren, well et keng erschwénglech Wunnengen hei ginn?
Wësst Dir, dass Fraen, déi Opfer vun häuslecher Gewalt waren an an e Fraenhaus gaange sinn, net do rauskommen, well et net genuch erschwénglech Wunnenge ginn?
Sou, lo wësst Dir et och. Dat deet gutt, des Realitéit kënne mat Iech ze deelen. Well ech weess och nach aner Saachen. Ech weess, dass et Proprietäre ginn, déi bereet sinn,
Vill Leit kënnen déi aktuell Maartpräisser net bezuelen.
hir Haiser a Wunnenge fir en Präis, dee méi déif ass wéi de Maartpräis, ze verlounen. Zum Gléck, well de Maartpräis ass vill ze héich fir Leit, déi de Mindestloun verdéngen oder Revis kréien, oder déi elengerzéiend sinn.
Wann Dir Proprietär sidd an dat eng Iddi fir Iech ass, kënnt Dir dat als Privatpersoun maachen, Dir kennt dat awer och maache mat der Hëllef vun engem Träger, den am Kader vun der Gestion Locative Sociale eng Konventioun ofgeschloss huet mam Ministère du Logement.
Ech maachen en Appell un di politesch Verantwortlech, ob nationaler a kommunaler Ebene, fir drun ze schaffen, endlech méi erschwéngleche Wunnraum ze erschléissen. Ech froen Iech, wuel Critèrë wéi Feiersécherheet, Mindestnorme fir Wunnengen, Hygiène an Emweltcritèren ze beuechten, awer net sou ze iwwerreglementéieren, dass di Leit, deenen et finanziell net sou gutt geet, keng Wunneng kënne fanne bei Iech an der Gemeng.
Nathalie Reuland, Lëtzebuerg Engagéiert als Benevole beim WGProjet vu Life asbl, als Aktivistin an der Koalitioun Wunnrecht.lu, bei Save Co-Housing Esch, bei der asbl Mieterschutz a politesch engagéiert bei déi lénk