Mission accomplie vum Gemengerot?
Zur Diskussioun ëm soziale Wunnengsbau an der Gemeng Bech
Am Artikel „Blicke aus der Nachbarschaft“vum 20. Januar 2021 gëtt de Schäfferot vu Bech zitéiert (wien genau léisst sech net erausliesen), dass si un hirem Projet „soziale Wunnengsbau“matten am Duerfkär vun Altréier festhalen.
Fir dass mer net falsch verstane ginn, jidderee vun eis ass sech der Situatioun um Wunnengsmaart bewosst. Et ass onbedéngt néideg, dass all Gemeng Méiglechkeete schaaft an abordabele Wunnraum ubitt.
D’Schanzer Bierger waren ni géint soziale Wunnengsbau, mee géint d’Envergure vum Projet an den Nodeeler, deen e mat sech bréngt. Beim Liesen stellt ee fest, dass e just de Point de Vue vum Buergermeeschter a senge Schäffen duerstellt, gefëllt mat falsche Fakten
a quasi Beleidegungen den Awunner vum Duerf géintiwwer. Dëst wëlle mer awer net esou am Raum stoe loossen.
Fir unzefänken froe mer eis, firwat e Schäfferot sech op sou en Niveau erofléisst an zouléisst, dass Aussoen wéi „Die Besitzer der schicken Einfamilienhäuser ...“(musse mer eis schummen, dass mer en Haus hunn?), oder dass Bierger dat Wuert „Asoziale“benotzen (e Vokabel, deen an eiser Diskussioun mam Schäfferot ni gefall ass), am „Luxe
mburger Wort“publizéiert ginn. Firwat probéiere si iwwer dëse Wee, d’Bierger vun Altréier ze diffaméieren? Krute mir net op der eenzeger Versammlung zu dësem Thema erkläert, dass soss keng Plazen an der Gemeng zur Verfügung stinn an lo direkt an den éischten Zeilen ass ze liesen: „... obwohl es in den zehn Dörfern leer stehende oder kaum genutzte Gebäude gibt, die dafür infrage kämen“.
Wat déi „Unterschriftenaktion“ugeet, waren et net 100, mee genau 136 Bierger, di ënnerschriwwen an hir Bedenke vis a vis vun dësem Projet geäussert hunn. Domadder sinn di meescht Haushalter aus dem Duerf vertrueden. Ganzer fënnef hu sech enthalen. „Mehr Akzeptanz“ass am Duerf och lo nach net do, mee dat kann een net wëssen, wann een sech net mat de Leit austauscht. Eng Informatiounsversammlung wou d’Gemeng de Projet, offiziell an zesumme mat der AIS, nach eemol transparent presentéiert, huet bis haut net stattfonnt. Et ass awer aktuell erlaabt.
Et war eis wichteg, am Austausch mat de Gemengeresponsabelen, e Projet z’ënnerstëtzen, deen an d’Gemeng passt an dee Wunnengen zum Beispill iwwer déi verschidden Dierfer an der Gemeng verdeelt. Mir haten do proposéiert, déi viru kuerzem renovéiert Spillschoul op der Schanz fir eng oder zwou sozial Wunnengen ëmzebauen.
Och d’Spillschoul zu Bech an d’Schoulgebai zu Hemstel wiere fir en ähnleche Projet an Fro komm. Vill Punkten, wéi d’Erhale vun engem Duerfkär, d’Verkéiersberouegung, d’Parkplazproblematik an d’Integratioun vun de Leit, déi bäikommen, gi vum Schäfferot net gekläert.
Leider gëtt sech bei eis op der Schanz net ëm d‘Erhalen vun engem eenzegaartegen Duerfkär
beméit. Hei rappen se eng renovéiert, bestoend Struktur of an zer-stéiere mam Neibau eng Place publique, respektiv eng Place de rencontre. Déi Liewensqualitéit a gesellschaftlech Kohesioun, ëm déi et eis geet, gi verluer.
E Schäfferot, gewielt fir d’Interesse vun de Bierger aus all Duerf aus hirer Gemeng ze vertrieden, deen ouni weider Kommunikatioun ee Projet duerchboxt, ëffentlech Provokatioun an engem Zeitungsartikel fërdert, ass net dat, wat een sech als Bierger erwaart.
Nathalie Theis, Steve Mischel, Altréier
Dëst ass eng Reaktioun op den Artikel „Blicke aus der Nachbarschaft“vum 20. Januar 2021.