Covid-19: Tëscheruff
Iwwert de Versuch, den Duerchbléck ze halen
An dëser schrecklech laanger Pandemie versiche mer, ech och, den Duerchbléck ze hunn.
Virop mäi grousse Merci un di Responsabel an der Regierung, an de Spideeler an un all Matbierger, déi schonns esou laang mam Virus geplot sinn an all Dag Grousses musse leeschten. Et ass kloer, jiddereen, net nëmmen hei am Land, weess alles besser. Ni goufen et esouvill Virologen an Experten.
Besonnesch d’Oppositioun fillt sech beruff, sech och ze profiléieren, bal ass d’Regierung ze lues, dann erëm ze séier, si hunn alles méi viraus gesinn an hätte souwisou alles besser gemaach. Ma Moien och!
Dat mécht de Leit den Duerchbléck net méi einfach!
Dobäi sti mir, bleiwe mer an Europa, net esou schlecht do. D’Moyenne vun de Corona-Doudegen, bezunn op d’Awunnerzuel, leit bei 0,13 Prozent. Däitschland bei 0,08 Prozent, Lëtzebuerg bei 0,10 Prozent. Dat heescht, am Moment 629 Doudeger bei 626 000 Awunner.
Ech ginn net esou richteg eens mat den alldeeglechen Noriichten. Haut sinn esouvill Leit „um“oder „mat“Corona gestuerwen.
Stierwen dann elo nëmmen nach Leit „um“oder „mat“Corona!?
Et stierwe jo, leider, och Leit mat oder un anere Krankheeten. 2018 an 2019 sinn an der Moyenne (laut Statec), all Dag ronn 11 Leit gestuerwen. Esou Noriichte maache mir Angscht, dat soll net sinn, et ass am Moment schonns schwéier genuch.
Vun Europa sinn ech immens enttäuscht, aus dem „LobbyistenMekka Bréissel“war allerdéngs och näischt ze erwaarden. All Memberstaat kacht seng eegen Zëppchen.
Et ass elo Zäit, dass mer dat mat den Impfunge besser op d’Schinn musse kréien. Datt esouvill Leit den Impfungen net trauen, gëtt mer ze denken. Do ass nach Informatiounsnohuelbedarf a virun allem e puer Perspektiven, betreffend en etlech méiglech Lockerungen, misste kommen! Selbstverständlech mat kloren Direktiven, betreffend CoronaSchutzmoossnahmen.
D’Lëtzebuerger sinn disciplinéiert an hu verstanen, d’Ausname bestätegen d’Reegel, soss fäerten ech, behale mir net méi laang den Deckel um Dëppen. Jeannot Roller,
Helmdange