Ëmsetzung vun der Impfstrategie
Oppene Bréif un den Här Mars Di Bartolomeo
Här Di Bartolomeo, ech ginn an der Press gewuer, datt d'Gesondheetsministesch den Dossier vun der Impfung vun deenen dräi Mann aus dem HRS-Verwaltungsrot zougemaach huet. Dës Decisioun kann ech net verstoen an net akzeptéieren, an ech stelle mer d'Fro, ob d'Madame Lenert hirer Aufgab gewuess ass, d.h. eng korrekt Ëmsetzung vun der Regierung hirer Impfstrategie ze garantéieren. Dozou gehéieren och Sanktioune géint déi Persounen, déi sech net un d'Regelen halen. An déi sinn néideg, wa mer keng brasilianesch Zoustänn hei wëlle kréien. Dofir fannen ech, datt den Här Schiltz als President vum HRS-Verwaltungsrot net méi tragbar ass. Ee Spidol ass do, fir de Patienten ze hëllefen, net fir sech selwer ze zerwéieren.
Et ass kloer, datt d'Ministesch de Moment villes ëm d'Oueren huet. Ech fannen awer, datt si sech do (ze) liicht aus der Affär zitt. Ech wëll mol net op de materielle Wäert agoen, deen esou eng Impfung huet, mee wéi nennt Dir dat, wann een engem (an dësem Fall dem Staat oder der Allgemengheet) eppes ewech hëlt? Ech nennen dat klauen. A klauen ass klauen, egal, ob de Wäert elo 5, 10 oder 20 Euro ass. Vill méi wichteg ewéi de materielle Wäert ass a mengen Aen awer, datt déi Impfung dräi anere Persoune wäert feelen. An dëst wiere jo Persounen, déi laut de Regierungsprioritéiten, méi drop ugewise gewiescht wieren ewéi déi dräi Hären. Déi hunn also a Kaf geholl, datt dräi aner Leit net konnte geimpft ginn, hunn also deenen hir Gesondheet (a Liewen) op d'Spill gesat. An dat geet net.
Den Egoismus vun deenen dräi riskéiert doriwwer eraus ee schlecht Beispill ze gi bei de Leit, déi nach net geimpft sinn. Déi soen sech, mat Recht, datt déi Déck sech erëm prioritär zerwéieren an d'Foussvollek muss waarden, bis et dru kënnt. Wou bleift do nach d'Glafwierdegkeet vun der Politik, wann déi net reagéiert?
Ech hu virun e puer Deeg an der Zeitung gelies, datt Familljemembere vu Spidolsmataarbechter geimpft gi wieren an datt d'Ministesch do awer géif duerchgräifen! Dat heescht, déi Déck loosse mer lafen an déi Kleng gi gepëtzt? Ech hunn alt geduecht, Här Di Bartolomeo, Dir, als ale Sozialist, géift Iech fir déi kleng Leit asetzen. Dofir meng Fro: Sidd Dir bei der Gesondheetsministesch intervenéiert, fir datt jiddwereen d'selwecht behandelt gëtt, an datt ee fréiere Minister, dee jo nach méi wéi anerer dem „bien commun“misst verpflicht sinn, zur Rechenschaft gezu gëtt?
D'Parlament soll jo d'Handele vun der Regierung kontrolléieren. Wien ass do méi gëeegent fir d'Behiewe vun dëse Mëssstänn, ewéi de President vun der Gesondheetskommissioun? Eric Picar,
Steinfort
Dëst ass eng Reaktioun zum Lieserbréif „Drei kleine Spritzen sorgen für großen Wirbel“vum 25. Februar 2021.