Eng impressionant Geschicht
De véierte Roman vum Jos Kayser
Den Arthur Schimberg ass Archivist an enger däitscher Bank, di kuerz virun der Opléisung steet. D’Begeeschterung vir d’Musek an d’Velofuere gi sengem Liewen, nieft der Aarbecht, eng fest Struktur. Enges Daags an engem Café schwätzen zwee Männer hien un vir an den Dokumenter vun der Bank no Nummerekonten ze sichen. Vun engem Moment op deen aner gëtt den Arthur zu engem wichtege Matspiller tëscht Geheimdéngschter, déi op der Sich sinn no Kapital, wat am letzte Weltkrich op d’Säit geschaaft gouf.
D’Liewe vum Protagonist gëtt, parallel zum Haaptplot, beräichert duerch Begéinunge mat Leit, déi him e neie Bléckwénkel verschaffen an säin Handele beaflossen. Hien wiisst aus sengem passive Rôle eraus a stellt sech de Begebenheeten. Dobäi verleeft d’Geschicht net linear, mee ass ëmmer nees ënnerbrach duerch Réckblécker an d‘Vergaangenheet, där hir grausam Wourecht lues a lues un Dagesliicht kënnt.
Op grad emol 129 Säite sammelen sech eng Panoplie un Liewenssujets virun allem vun de Personnagen, déi ronderëm den Arthur agéieren. Aus der Beochbachterperspektiv eraus erzielt, faktual an ouni grouss Emotionalitéit gëtt d’Tragik vun hirem Liewen opgedeckt. Doduerch intensivéiert sech d’Geschicht an haalt a de Gedanke vum Lieser no. De Schreifstil ass fléissend, de Wuertgebrauch wuel portionéiert.
Den Haaptprotagonist ass éischter onspektakulär a mutéiert och net zum Held duerch dat, wat him widderfiert. An awer gewënnt hien un Déift, duerch säi couragéiert an empathescht Handelen.
Spillraum fir Spekulatiounen
Et ass eng impressionant Geschicht, déi Spillraum léisst vir Spekulatioun. De Schreifstil gefält grad duerch dat neutraalt Erugoen un déifgrënneg Theme, woubäi éischter d‘Haaptgewichtung op d’Beschreiwung vun den Zeenerie ausgeriicht ass. Dëst geet deels op d’Käschte vun Emotiounen. Och feelen op munche Platze minimalistesch Fragmenter un Handlung, déi dat ganzt ofrënne géifen an déi en flotten Ersatz wieren zu enger liichter Touch un Dramatik.
Dëst Buch ass de véierte Roman vum Jos Kayser deen 1964 zu Itzeg gebuer gouf an an der Mediewelt geschafft huet als Fotograph, Iwwersetzer vu Konschtbicher a Rédacteur/Concepteur vu Reklammen. Nieft dem Buch „Prinzessin Charlotte“, wat 2017 rauskoum, huet hien och nach „Bomi ass dout“an „De Mann deen ëmmer laacht“verfaasst.
Joseph Kayser: „Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht“, Editions Schortgen,
16,50 Euro