Eng Retrospektive a Buchform
De Sporting Club feiert 50. Gebuertsdag
Ell. De Sporting Club Ell feiert dëst Joer säi 50. Gebuertsdag. Vill Feierlechkeete stinn am Agenda 2021 vum Organisatiounscomité. Natierlech wäert Covid-Kris et net einfach maachen, de Programm esou duerchzeféieren, wéi geplangt. Den 21. Februar hunn déi Eller hir Randonnée VTT missten ofsoen. D'Marche populaire mat 580 Participanten ass awer ënner deenen néidege Covid-Restriktiounen ofgehale ginn.
Bleiwt ze hoffen, dass dës Kris am Laf vum Joer zu Enn geet an de Veräin seng Feierlechkeete kann, wann och nëmmen zum Deel, duerchzéien.
Bei Geleeënheet vum 50. Gebuertsdag däerf natierlech e Festbuch net feelen. An dat hunn déi Responsabel ënnert der Leedung vum Schoulmeeschter Romain Gaspar an Ugrëff geholl. An dësem Buch ginn déi dräi fréier an deen heitige Veräi n genau ënnert d'Lupp geholl an all Detailer niddergeschriwwen. E Buch vu ronn 600 Säiten, mat ganz vill Fotosmaterial, gëtt dem Lieser eng super Geleeënheet, den Eller Fussball, seng Leit, d'Sportgeschichten, d'Organisatiounen an d'Erfolleger vu ganz no ze beliichten. En eemolegt Buch, wat a kenger Bibliothéik däerf feelen.
Dir kënnt dëst interessant Buch fir de Präis vu 85 Euro beim Edy Graf (E-Mail: edouard.graf@gmail.com; Tel.: 621 270 205) oder beim Camille Godelet (EMail: godcam@vo.lu; Tel.: 23 62 05 34) bestellen. Weider Informatiounen iwwert de SC Ell an de 50. Anniversaire sinn um Internetsite oder op Facebook „50 Joer SC ELL“ze fannen. C.
www.scell.lu