Sinn d‘Moossnamen nach gerechtfäerdegt?
Dës Fro stellen ech mir ewell schonns säit engem hallwe Joer. Säit Oktober hu mir a Lëtzebuerg ee Couvre-Feu, eppes, wat scho bei der Diskussioun hëtzeg Debatte mat sech bruecht huet. Schonn deemools hat ech an engem Lieserbréif un d'„Luxemburger Wort“dësen Aschnëtt an d'Grondrechter behandelt. Elo, bal fënnef Méint duerno, huet och eise Vizepremier Bausch sech an engem rezenten Interview mam „Luxemburger Wort“dozou geäussert.
Ech muss éierlech soen, ech hätt seng Äntwert zu dem Thema net erwaart. De Vizepremier Bausch huet nämlech gesot, dass Moossnamen déi am Verlaf vun der Pandemie benotzt goufen, nach deelweis aus dem Mëttelalter stamen, an net méi an dës Zäit passen. Et hätt ee méi filigran misse virgoen an net d'Grondrechter vun der ganzer Bevëlkerung aschränken. Et dierft een net mat „de grousse Kanounen“un déi Saach erugoen. E Lockdown oder eng Ausgangsspär ass an deem Fall jo wuel domat gemengt.
Trotzdeem gouf elo eng Verlängerung vun der Ausgangsspär niewebäi an der leschter Pressekonferenz einfach weider verlängert. Obwuel eise Vizepremier jo ganz kloer sot, dass esou eppes net ze verantworte wier. Dofir froen ech mech, wouhier dann elo déi Verlängerung?
Firwat gëtt einfach alles verlängert a weidergemaach, ouni och nëmmen ze kucken, ob déi Moossnamen iwwerhaapt eppes bruecht hunn, souwéi ob déi nach gerechtfäerdegt sinn. Am Oktober gouf dës Ausgangsspär ob Basis vun „Hoffnung“a „Mir kucken emol“agefouert. Och dëst hunn ech deemools scho kritiséiert. An elo si mir schonn ee Schratt weider.
Rezent Studie vun der Oxford a vun der Cambridge Universitéit hunn sech nämlech mat dem Notze vun der Ausgangsspär ausernee gesat, a sinn zum klore Schluss komm, dass eng Ausgangsspär wuel een Impakt ob d'Aschränke vun der Pandemie huet, mais dat dat engersäits esou ee klengen Impakt huet an anerersäits net an der Relatioun géing stoe mat dem Aschränke vun de Leit an der Verletzung vun eise Grondrechter.
Genau zu dem Schluss ass eise Vizepremier Bausch jo och komm. Also firwat gëtt dat dann einfach esou weiderlafe gelooss? Ech duecht mir wieren an dem 21. Joerhonnert ukomm, wou mir ob d'Wëssenschaft lauschteren, an net einfach blann an ouni Begrënnung ale Gewunnechten hannendru lafen. Wéini fänke mir domat un, méi filigran un des Situatioun erunzegoen? Am Moment benotze mir nach ëmmer d'Kanounen.
Micha Muller,
Wëntreng
Dëst ass eng Reaktioun zum Artikel „Wir brauchen eine Mobilitätsrevolution“vum 19. Mäerz 2021.