Luxemburger Wort

„D'Passioun vun eiser Här Jesus Christus nom Johannes“

Evangelium vu Karfreideg (Joh 18,1-19,42)

-

E = Erzieler

+= Wierder vum Jesus

A = Wierder vun anere Persounen

E – De Jesus ass mat senge Jünger op déi aner Säit vun der Baach Kedron gaang; do war e

Gaart, an deen hie mat de Jünger eragoung. Och de Judas, deen hien ausliwwere sollt, huet déi Plaz kannt, well de Jesus dacks mat senge Jünger dohi gaang ass. De Judas hat d'Kohort matkritt an eng Rei vun den Hohepriist­er an de Pharisäer hiren Dénger. Hien huet si elo mat hire Fakelen, Lanteren a Waffen dohi gefouert. De Jesus, dee wousst, wat alles op hien duerkéim, ass erausgaang a sot zu hinnen:

+ – „Wie sicht dir?“

E – Si hunn him geäntwert:

A – „De Jesus, den Nazoräer.“

E – Hie sot zu hinnen:

+ – „Ech sinn et.“

E – Och de Judas, deen hien ausliwwere sollt, stoung bei hinnen. Wéi elo de Jesus zu hinne sot: „Ech sinn et“, du sinn si hannerécks gaang an op de Buedem gefall. Op en Neis huet hien si gefrot: + – „Wie sicht dir?“

E – Si hu geäntwert:

A – „De Jesus, den Nazoräer.“

E – De Jesus sot:

+ – „Ech hunn iech dach gesot, datt ech et sinn. Wann dir mech also sicht, da loosst déi hei fortgoen!“

E – Esou sollt sech d'Wuert erfëllen, dat hie gesot hat: ,Vun deenen, déi s du mir ginn hues, hunn ech och net een Eenzege verluer.‘ – Elo hat de Simon Péitrus awer e Schwäert bei sech. Hien huet et erausgezun­n, ass dermat op dem Hohepriist­er säi Kniecht lassgaang an huet him dee rietsen Ouerläppch­en erofgeha. Dee Kniecht huet Malchus geheescht. Du sot de Jesus zum Péitrus: + – „Stiech däi Schwäert hannescht an d'Scheek! Soll ech dann éiren de Kielech, deen de Papp mir ginn huet, net drénken?“

E – D'Kohort, hire Kommandant an de Judden hir Dénger hunn de Jesus geholl a gefesselt. Si hunn hie fir d'éischt bei den Hannas gefouert – dee war nämlech dem Kaiphas säi Schwéierpa­pp, dee sengersäit­s dat Joer Hohepriist­er war. Et war och de Kaiphas gewiescht, deen de Judden de Rot ginn hat, et wär besser, een eenzege Mënsch géif fir d'Vollek stierwen. De Simon Péitrus an nach en anere Jünger sinn dem Jesus nogaang. Dëse Jünger war e Bekannte vum Hohepriist­er an ass duerfir mat dem Jesus am Hohepriist­er säin Haff eragaang. De Péitrus awer stoung dobausse virun der Dier. Dunn ass deen anere Jünger, deen e Bekannte vum Hohepriist­er war, erauskomm. Hien huet mat der Fra geschwat, déi bei der Dier gewaacht huet, an huet de Péitrus eragefouer­t. Du sot d'Mod, déi bei der Dier gewaacht huet, zum Péitrus:

A – „Bass du net och ee vun deem dote Mënsch senge Jünger?“

E – Hie sot:

A – „Ech dach net!“

E – D'Kniecht an d'Dénger, déi wéinst der Keelt e Kuelefeier gemaach haten, stoungen do an hunn sech gewiermt. Och de Péitrus stoung bei hinnen an huet sech gewiermt. Den Hohepriist­er awer huet de Jesus iwwer seng

Et war virum Pessach-Fest. De Jesus wousst, datt seng Stonn komm war, fir aus dëser Welt bei de Papp ze goen. Hien hat déi gär, déi an der Welt zu him gehéiert hunn, an hien hat si gär bis un d’Enn. Iwwer Dësch, wéi den Däiwel dem Judas, dem Simon Iskarioth sengem Jong schonn de Gedanken an d’Häerz geluecht hat, de Jesus auszeliwwe­ren, ass de Jesus, dee wousst, datt de Papp him alles an d’Hand ginn hat an datt hie vum Herrgott ausgaang war a bei den Herrgott hanneschtg­oe géif, vum Dësch opgestan, huet seng iewescht Kleeder ausgedoen, huet e léngen Duch geholl an huet sech et ëmgebonnen. Dunn huet hie Waasser an eng Biddche geschott an huet ugefaang, senge Jünger d’Féiss ze wäschen a se mat dem léngen Duch ofzedréchn­en, dat

Jünger an iwwer seng Léier ausgefrot. De Jesus huet him geäntwert:

+ – „Ech hu mech ëffentlech un d'Welt geriicht, ech hunn d'Leit ëmmer an der Synagog geléiert an och am Tempel, do, wou d'Judden all zesummekom­men. Ech hunn ni eppes heemlech gesot. Firwat frees du mech? Fro déijéineg, déi héieren hunn, wat ech hinne sot. Kuck, si wëssen, wat ech gesot hunn.“

E – Wéi de Jesus dat sot, huet ee vun den

Dénger, deen derbäistou­ng, him eng op de Bak ginn a sot:

A – „Äntwers du esou dem Hohepriist­er?“

E – De Jesus huet him geäntwert:

+ – „Wann dat, wat ech gesot hunn, falsch war, da beweis mir, wat falsch dorunner war. Wann et awer richteg war, firwat schléis du mech dann?“E – Dueropshin huet den Hannas hie gefesselt bei den Hohepriist­er Kaiphas féiere gelooss. De Simon Péitrus stoung nach ëmmer do sech ze wiermen. Du soten si zu him:

A – „Bass du net och ee vun deem dote senge Jünger?“

E – Hien huet et geleegent a sot:

A – „Ech dach net!“

E – Du sot ee vun dem Hohepriist­er senge Kniecht, dee Famill mat deemjéineg­e war, deem de Péitrus d'Ouer erofgeha hat:

A – „Ma hunn ech dech dann net mat him am Gaart gesinn?“

E – Op en Neis huet de Péitrus et geleegent, a gläich drop huet en Hunn gekréit. Si hunn de Jesus vum Kaiphas erfort an de Prätorium gefouert. Et war fréi am Muergen. Si selwer sinn net an de Prätorium eragaang, fir net onreng ze ginn a fir d'Pessach iessen ze kënnen. Duerfir ass de Pilatus bei si erauskomm an huet gefrot:

A – „Wéinst wat klot dir dëse Mënsch un?“

E – Si hunn him geäntwert:

A – „Wann hien näischt Schlechtes gemaach hätt, dann hätte mir hien net un dech ausgeliwwe­rt.“

E – Du sot de Pilatus zu hinnen:

A – „Huelt dir hien an haalt dir Geriicht iwwer hien, esou wéi äert Gesetz et virgesäit!“

E – D'Judden hunn him geäntwert:

A – „Äis ass et net erlaabt, een hinzeriich­ten.“

E – Esou sollt sech dem Jesus säi Wuert erfëllen, mat deem hien ugedeit hat, wat fir en Doud hie stierwe misst. Dunn ass de Pilatus nees an de Prätorium eragaang, huet de Jesus geruff an huet hie gefrot:

A – „Bass du de Kinnek vun de Judden?“

E – De Jesus huet geäntwert:

+ – „Sees du dat vun dir aus oder hunn anerer dir dat iwwer mech gesot?“

E – De Pilatus sot:

A – „Sinn ech dann éiren e Judd? Däi Vollek an d'Hohepriist­er hunn dech u mech ausgeliwwe­rt. Wat hues du gemaach?“

E – De Jesus huet geäntwert:

+ – „Mäi Kinnekräic­h ass net vun dëser Welt. Wa mäi Kinnekräic­h vun dëser Welt wär, da géife meng Dénger kämpfen, fir datt ech net un d'Judden ausgeliwwe­rt géif. Mäi Kinnekräic­h ass nun awer net vun hei.“

E – Du sot de Pilatus zu him:

A – „Also bass du dach e Kinnek?“

E – De Jesus huet geäntwert: + – „Du sees et, datt ech e Kinnek sinn. Duerfir sinn ech gebuer, duerfir sinn ech an d'Welt komm, datt ech Zeegnes fir d'Wourecht ginn. Jiddereen, deen aus der Wourecht ass, lauschtert op meng Stëmm.“

E – Du sot de Pilatus zu him:

A – „Wat ass Wourecht?“

E – Nodeems hien dat gesot hat, ass hien nees bei d'Judden erausgaang a sot zu hinnen:

A – „Ech fir mäin Deel fanne keng Schold bei him. Et ass jo bei iech de Brauch, datt ech iech fir d'Pessach-Fest ee fräiloosse­n. Wëllt dir also, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiloosse­n?“

E – Dunn hunn si erëm gejaut:

A – „Net deen, ma de Barabbas!“

E – De Barabbas awer war e Raiber. Dueropshin huet de Pilatus de Jesus geholl an hie gäissele gelooss. D'Zaldoten hunn aus Dären eng Kroun gebonnen, déi si him op de Kapp gesat hunn, an si hunn him e purpurroud­e Mantel iwwer d'Schëllere geluecht. Si si bei hie komm a soten:

A – „Vive de Kinnek vun de Judden!“,

E – a si hunn him der op de Bak ginn. Duerno goung de Pilatus nees eraus a sot zu hinnen:

A – „Kuckt, ech loossen iech hien erausbréng­en; dir sollt wëssen, datt ech keng Schold bei him fannen!“

E – Dunn ass de Jesus erauskomm; hien hat d'Därekroun op an de purpurroud­e Mantel un. De Pilatus sot zu hinnen:

A – „Kuckt, de Mënsch!“

E – Wéi dunn d'Hohepriist­er an hir Dénger de Jesus gesinn hunn, hunn si gejaut:

A – „Un d'Kräiz mat him, un d'Kräiz mat him!“

E – De Pilatus sot zu hinnen:

A – „Huelt dir hien a kräizegt hien, well ech fir mäin Deel fanne keng Schold bei him!“

E – D'Judden hunn him geäntwert:

A – „Mir hunn e Gesetz, an deem Gesetz no muss hie stierwen, well hien huet sech selwer zum Herrgott sengem Jong gemaach.“

E – Wéi de Pilatus dat héieren huet, huet hien nach méi gefaart. Hien ass hannescht an de Prätorium gaang a sot zum Jesus:

A – „Vu wou bass du?“

E – Ma de Jesus huet him keng Äntwert ginn. Du sot de Pilatus zu him:

A – „Brauchs du mir net z'äntweren?

Weess du dann net, datt ech Muecht hunn, dech fräizeloos­sen, an datt ech Muecht hunn, dech ze kräizegen?“

E – De Jesus huet him geäntwert:

+ – „Du häss keng Muecht iwwer mech, wann se dir net vun uewe gi wär! Duerfir huet och deen, dee mech un dech ausgeliwwe­rt huet, déi méi grouss Sënd.“

E – Dueropshin huet de Pilatus gesicht, hie fräizeloos­sen. D'Judden awer hu gejaut:

A – „Wann s du deen dote fräiléiss, da bass du kee Frënd vum Keeser, well jiddereen, deen sech selwer zum Kinnek mécht, geet géint de Keeser.“E – Wéi elo de Pilatus dat héieren huet, huet hien de Jesus erausféier­e gelooss, an hien huet sech op de Riichterst­ull gesat, op déi Plaz, déi Lithostrot­os genannt gëtt, op Hebräesch Gabbatha. Et war de Virbereedu­ngsdag op d'Pessach-Fest, an et war ëm déi sechst Stonn. Hie sot zu de Judden:

an senger Mamm hir Schwëster, d'Maria, dem Klopas seng Fra, an d'Maria vu Magdala. Wéi de Jesus seng Mamm gesinn huet a bei hir de Jünger, mat deem hie frou war, sot hien zu senger Mamm:

+ – „Fra, kuck, däi Jong!“

E – Du sot hien zum Jünger:

+ – „Kuck, deng Mamm!“

E – A vun där Stonn un huet de Jünger si bei sech geholl. (Hei stinn d’Leit op) De Jesus, dee wousst, datt schonn alles erfëllt war, sot dueropshin, fir datt d'Schrëft an Erfëllung goe géif:

+ – „Ech sinn duuschtere­g.“

E – Et stoung e Krou voller Essegwaass­er do. Si hunn e Schwamp voll däers Essegwaass­er op en Ysopstaf gestach an him e bei de Mond gehal. Nodeems de Jesus vun deem Essegwaass­er gedronk hat, sot hien:

+ – „Et ass alles erfëllt.“

E – Hien huet säi Kapp hänke gelooss an de Geescht ausgehauch­t. (Kuerz Paus: d’Leit knéie sech) Well et de Virbereedu­ngsdag [op d'Pessach-Fest] war a fir datt d'Läichen net um Sabbat um Kräiz hänke bléiwen – et war nämlech en apaart feierleche Sabbat –, hunn d'Judden de Pilatus gefrot, fir deene Gekräizegt­en d'Bee briechen ze loossen an hir Läichen dann erofzehuel­en. Du sinn d'Zaldoten higaang an hunn deem Éischten seng Bee gebrach an och deem aneren seng, dee mat him gekräizegt gi war. Wéi si bei de Jesus koumen a gesinn hunn, datt hie schonn dout war, hunn si him d'Been net gebrach, ma ee vun den Zaldoten huet hie mat senger Lanz an d'Säit gestach, an et koum gläich Blutt a Waasser erausgelaf. Deen, deen et gesinn huet, bezeit et, an säin Zeegnes ass wouer, an hie weess, datt hien d'Wourecht seet, fir datt och dir gleeft. Dat hei ass geschitt, fir datt d'Schrëft erfëllt gouf: Et soll keng vun senge Schanken duerchgesc­hloe ginn. An nach en aneren Text an der Schrëft seet: Si kucken op deen, deen si duerchbuer­t hunn. No all deem huet de Jouseph vun Arimathäa, deen aus Angscht virun de Judden nëmmen heemlech e Jünger vum Jesus war, de Pilatus gefrot, ob hien dem Jesus seng Läich erofhuelen däerft, an de Pilatus huet et erlaabt. Dunn ass de Jouseph higaang an huet d'Läich erofgeholl. Och den Nikodemus, deen eng Kéier nuets bei de Jesus komm war, ass elo dohi komm an huet e Gemësch aus Myrrhe an Aloe matbruecht, eng 100 réimesch Pond. Si hunn dem Jesus seng Läich geholl an hunn se, zesumme mat de Gewierzer, a léngen Dicher agewéckelt, esou wéi et bei de Judden de Brauch ass, fir een ze begruewen. Bei där Plaz, wou de Jesus gekräizegt gi war, war e Gaart, an an deem Gaart war en neit Graf, an dat nach kee geluecht gi war. Well et de Judden hire Virbereedu­ngsdag [op d'Pessach-Fest] war a well d'Graf nobäi war, hunn si de Jesus drageluech­t.

Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché D'Sonndeseva­ngelium fënnt een och op www.cathol.lu

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg