„Maacht dëst als mäin Undenken“
Léif Schwësteren a Bridder, dës Wierder aus der Helleger Massfeier kenne mir all gutt. Et ass de Schlusssaz vun de Wandlungswierder, déi den Priister an all Massfeier seet. Et sinn d’Wierder, déi de Jesus senge Frënn um Virowend vu sengem Doud gesot huet a si domadder opfuerdert, säi Liewen a Stierwen op déi Aart a Weis ze kommemoréieren.
De Jesus hannerléisst hinne säin Testament. Hie wëll, dass dat gemaach gëtt, jo weidergefouert gëtt. Duerch dës konkret Handlung ass hie vun dësem Moment aus un – a bis elo – net méi op dëser Welt ewech ze denken. Sécher hu seng Jünger a Jüngerinnen net direkt verstanen, wat fir ee groussen Opdrag si vun him krut hunn. Si selwer hu vläicht eng Zäitche gebraucht, bis dass dëse „banale Geste“zu engem zentrale Moment an hirer Gemeinschaft ginn ass. Esou hu si d’Erënnerung un den Jesus, méi konkret, säi Leiden, Stierwen an Operstoen, net nëmme waakreg gehalen – mee doduerch ëmmer nees nei vollzunn. An esou gëtt dëse memorabele Moment – ëmmer nees reell. De Jesus ass wierklech mëtten ënnert hinnen.
De Jesus ass present
Säitdeem ass eisen Här ëmmer weider an der Mëtt vu senger Kierch bliwwen. A schéine wéi och a manner schéine Momenter vun eiser Weltgeschicht. A friddlecher Zäit, mee och wärend Kricher, Verfolgungen a Pandemien. Ëmmer nees, wann déi Gleeweg sech ronderëm den Altor versammelt hunn a weider versammelen an den Priister d’Asetzungswierder seet iwwer Brout a Wäin gëtt dësen Opdrag erfëllt. Dann ass de Jesus present.
Léif Chrëschten, op Gréngen Donneschdeg erënnere mir äis dorunner, wat de Jesus fir äis gemaach huet. Do, wou hie Leiden an Doud op sech geholl huet, fir äis fräi ze maache vun all deem, wat net säi Wëlle war an ass. Oft froen ech mech, wat eis Eucharistiefeieren ugeet, ob dat déi Erënnerung ass, wéi hie se gewollt huet. Gleewe mer an eisen Paren nach dorunner dass hien – Jesus Christus – reell ënnert äis géigewäerteg ass? Ass dat fir äis iwwerhaapt nach verständlech wat mir Sonndeg fir Sonndeg an eise Kierche feieren?
Mëttelpunkt vun eise Paren
Ech wëll net soen, dass mer onbedéngt een neit Verständnes zur Eucharistie brauchen, mee éischter d'Léift zur Helleger Kommioun verdéiwe sollen. D’Eucharistiefeier – Jesus Christus – soll nees zum Mëttelpunkt vun eise Pare ginn. Seng Léift zu äis alleguerten ass esou grouss dass hien den Doud op sech geholl huet. An am allerhellegsten Sakrament schenkt hie sech ëmmer nees aus Léift zu eis – fir dass mir liewe kënnen duerch seng Léift.
Wéi grouss ass dann eis Léift zu him? Ech géif gäre mat engem Saz ophale vun engem Hellegen, deen eng immens grouss Léift zur Helleger Eucharistie hat. An dee sech ganz bewosst war, wat hien um Altor vu senger Kierch géif feieren. De Curé d’Ars huet et deemools senge Parkanner op einfachster Manéier gepriedegt: «Il est là dans le Sacrement de Son amour …».
Iech alleguerten a besonnesch menge Matbridder ee schéine Gréngen Donneschdeg gewënscht.
Gleewe mer an eise Paren nach dorunner dass hien – Jesus Christus – reell ënnert äis géigewäerteg ass?
Luxemburg-Neudorf: Donnerstag, 18.30-19 Uhr, Anbetung (pol); 19 Uhr, Messe (pol). Freitag, 19 Uhr, Messe (pol).
Luxemburg-Weimerskirch: Donnerstag, 19.30 Uhr, Messe, mat Umeldung: Tel. 691 831 709 (ltz, deu). Freitag, 19.30 Uhr, Feier vom Leiden und Sterben Christi, mat Umeldung: Tel. 691 831 709 (ltz, deu).
Pfarrei Bartreng-Stroossen Saint-Jean XXIII bartreng-stroossen@cathol.lu https://cathol.lu/bartreng-stroossen Bartringen: Donnerstag, 18.30 Uhr, Mass vum Gréngendonneschdeg, Umeldung obligatoresch bis en Dënschdeg an der Karwoch: Tel. 691 319 862 (ltz). Freitag, 20 Uhr, Liturgie vum Karfreideg, Umeldung obligatoresch bis Gréngendonneschdeg: Tel. 691 319 862 (ltz). Strassen: Donnerstag, 20 Uhr, Mass vum Gréngendonneschdeg, Umeldung obligatoresch bis en Dënschdeg an der Karwoch: Tel. 691 319 862 (ltz). Freitag, 15 Uhr, Statioune vum Kräizwee (ltz).
Pfarrei Leideleng Saint-Corneille leideleng@cathol.lu https://cathol.lu/leideleng Leudelingen: Pfarrkirche: Donnerstag, 18.30 Uhr, Abendmahlsmesse. Freitag, 15 Uhr, Kreuzweg.
Pfarrei Mamerdall Saint-Christophe mamerdall@cathol.lu https://cathol.lu/mamerdall
Mamer: Pfarrkirche: Donnerstag, 19.30 Uhr, Mass vum Leschten Abendmahl (nach just e puer Plaze fräi). Freitag, 8.30 Uhr, Laudes; 19.30 Uhr, Feier vom Leiden und Sterben Christi (nach just e puer Plaze fräi).
Kehlen: Freitag, 15 Uhr, Kreuzweg.
Pfarrei Steesel-Walfer Sainte-Trinité steesel-walfer@cathol.lu https://cathol.lu/steesel-walfer Walferdingen: Pfarrkirche: Donnerstag, 18.30 Uhr, Abendmahlsmesse (ltz, fra, deu). Freitag, 15 Uhr, Kreuzweg; 17 Uhr, Kinderkreuzweg.
Steinsel: Freitag, 15 Uhr, Kreuzweg; 18.30 Uhr, Feier vom Leiden und Sterben Christi.