E lescht Gedenken un d'Halifax-Ongléck
De britteschen Ambassadeur John Marshall op Besuch am Marscherwald
Bech. Kuerz ier hie Lëtzebuerg verléisst a viru sengem Retour op London, huet de britteschen Ambassadeur John Marshall drop gehalen, d'Halifax-Plaz am Marscherwald nach eng Kéier ze besichen. Hien ass begleet gi vum Captain Justin Fowler vu Bréissel.
Begréisst goufen si vum Camille Kohn, Buergermeeschter vun der Gemeng Bech, dem Propriétaire vun der Bëschparzelle, Lucien François, an dem Initiateur vun der Gedenkplaz, Fred Schaaf.
D'Gäscht hunn an dësem schéinen Deel vum Marscherwald d'Geschicht an d'Entstoe vun der Gedenkplaz erkläert kritt an sech ganz interesséiert gewisen a Merci gesot dat d'Erënnerung un dëst tragesch Ongléck am Zweete Weltkrich erhale bléiwen. Den Ambassadeur John Marshall huet sech frou gewisen, dat d'Undenken un deemools bei der Awunnerschaft déif verwuerzelt ass. Den Ambassadeur an de Captain hunn hire Besuch awer och genotzt fir der Crew vum Halifax ze gedenken. De 27./28. August 1943 hunn dräi Mann vun der Halifax-Crew dëse Crash net iwwerlieft a véier aner Membere konnten, mat Hëllef vun der Resistenz a Lëtzebuerger Patrioten, gehollef kréien. De Patrick Mischel huet duerno d'Fligerdeeler vum Halifax, déi hien am Bësch gesammelt huet, gewisen an erkläert. De Buergermeeschter Camille Kohn huet drop gehalen, dem Ambassadeur Merci ze soen, fir säi groussen Interêt un dëser Plaz am Marscherwald an huet him all Guddes op sengem weideren, diplomatesche Wee gewënscht.
Alfred dit Fred Schaaf
via mywort.lu