Déif am Duerfliewen verwurzelt
De Nicolas Meyers, genannt Néckel vum Biirkelt, feiert seng 90 Joer
Biirkelt. Dëser Deeg huet de Meyers'en Néckel vum Biirkelt säi 90. Gebuertsdag gefeiert. Trotz Corona-Mesuren, a well och de Néckel a seng Fra schonns fir d'zweet geimpft waren, huet de Schäfferot sech et net huele gelooss, him déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng a hire Bierger ze iwwerbréngen.
Gebuer den 22. Mäerz 1931 zu Bäertref, als eent vu sechs Geschwëster, huet de Néckel säi ganz Léiwen um Biirkelter Haff verbruecht an am Bauerebetrib geschafft. Bestuet huet hien sech den 3. Juli 1962 mam Marie Wolter vu Präiteler. Fënnef Kanner a véier Enkelkanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. Besonnesch déi schwéier Krichsjoren hunn dem Néckel säi Léiwe gepräägt an hien ass haut nach ee vun deene Leschten am Duerf, déi engem sou munch Anekdot aus der Zäit kann erzielen, besonnesch wann e weess dat sech um Biirkelt ee vun de Viirpostë vun den Amerikaner, kuerz virun der Rundstedtoffensiv fonnt hunn.
De Néckel war ëmmer am Duerfliewen aktiv dat als Member vum Gemengerot vun 1982 bis 1987 an als Member am Sozialbüro – fréier Aarmebüro genannt – vun 1988 bis 2010. Als laangjärege President vum Bäertrëffer Juegdsyndikat an als aktive Member vum Comité vun de Bäertrëffer Pompjeeën, huet hien aktiv zum Veräinsliewe bäigedroen.
Trotz sengen 90 Joer ass den Néckel weiderhi vill ënnerwee, ob ze Fouss oder mam Auto, an hellt wa méiglech um Duerfliewen deel. Him gouf all Guddes a nach eng Partie Jore bei beschter Gesondheet gewënscht.
Claude Oé via mywort.lu