Single vervollstännegt den Album vum Maale Gars
Lëtzebuerg. De Maale Gars huet dem lëtzebuergeschen Hip-Hop iwwert dat läscht Joer gewisen wat Gefiller sinn. No 3 Joer bei der Indie Band Epicure, verëffentlecht den Thomas Roland säit Januar 2020 reegelméisseg nei Tracks, déi iergendwou tëscht melancholesch, elektronescher Popmusek an energeteschen Trap den Zäitgeescht treffen. An sengen Texter vermësst hien seng Frëndin d’Claire, geet mat senge Bridder op den Tour oder mëscht Paangecher. Op Spotify gëtt hien elo scho méi gestreamt wéi di meescht lokal Rapper (iwwer 200 000 Streams an engem Joer) an dat ouni Waffen an onauthenteschen Persona Wan. Elo, e Joer nom Start vum Projet, verpeekt de Maale Gars seng Singlen an engem Album mam Titel „Du Weess“. Dobäi leet mat „Maach deng Zeen“och en neien Track, deen aus enger Collaboratioun mam Rapper Rod entstanen ass. Am Song geet et drëm, seng eegen Visiounen duerchzezéien ouni sech vun der Negativitéit vun aneren beaflossen ze loossen. Fir 2021 plangt de Maale Gars den selwechte Rhythmus u Releasen mat gréisseren Videoproduktiounen an virun allem säin Live-Debut, deen vir dëse Summer an engem spezielle Kader virgesinn ass. C. www.instagram.com/ maale_gars