Komplexitéit a Widderspréch
Ofschloss vun der CNLiesrees zu Maarnech am Cube 521
Vum 4. Mee bis de 4. Juli war de Mierscher „Centre national de littérature“(CNL) a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op enger Liesrees uechter d’Land, eng Rees, déi de leschte Sonndeg am Cube 521 op en Enn gaangen ass.
An enger entspaanter Salonsatmosphär huet d’Directrice vum CNL, d’Nathalie Jacoby, de Public als Moderatrice op eng immens flott a lieweg Manéier matgeholl bei der leschter Etapp vun dësem Liesmarathon ënnert dem Titel „Duerch déck an dënn – vu kuerzen Texter a ville Säiten“, déi Kéier mam Josiane Kartheiser, dem Christiane Kremer an dem Romain Butti.
Zesumme mam Romain Butti huet si Zeenen aus dem Auteur sengem kuerzen Theaterstéck „Fir wann ech net méi kann“(1. Präis am Literaturconcours 2018, publizéiert an der Serie Timba bei Kremart) presentéiert. Den Noah, en héich komplexen an déif melancholesche Personnage, leit um Liewen, senger bannenzecher Zerrassenheet, Einsamkeet an existenzieller Zillosegkeet. Dobäi kann d’Natur him nëmmen zäitweileg Troscht spenden, hie fillt sech och eleng ënner Mënschen, well en d’Gefill huet, sech net richteg ausdrécken a matdeelen ze kënnen. Och säi gudde Frënd Luca kann him dobäi net wierklech weiderhëllefen. E psychologesch ganz déifgrënnegt Stéck, wat en déiwen Abléck an déi séilesch Ofgrënn vum Protagonist erlaabt, bei deem den oppene Schluss Spillraum léisst fir eegen Interpretatiounen...
D’Josiane Kartheiser huet hir zwee nei Bicher aus der Serie Timba bei Kremart presentéiert. An „Dem Jemp seng Uerdung“geet et ëm e monomaneschen Uerdnungsfanatiker, deen an Nopeschhaiser abrécht, fir do opzeraumen. Wéi en dobäi vun der Police erwëscht gëtt, wëllt e partout net akzeptéieren, datt en am Onrecht ass, bis en erkläert kritt, datt hie wuel och net frou wier, wann ee bei him doheem seng Uerdnung op d’Kopp geheie géif a fillt sech schlussendlech awer wuel am Prisong, well en do säin Ëmfeld uerdungsméisseg liicht iwwerblécken a kontrolléiere kann.
„Déi nächst Etapp“vum Josiane Kartheiser theematiséiert d’Situatioun vun zwou Koppelen, wou d’Kanner aus dem Haus sinn an si vrun resp. an der Pensioun sinn. Dobäi gesäit een zwou grondverschidden Haltungen: engersäits, elo (endlech) keng Verantwortung méi fir d‘Kanner mussen z‘iwwerhuelen a sech op en Neiufank freeën,
D'Christiane Kremer huet op der leschter Etapp vun der Liesrees gelies. anersäits awer d’Angscht virum eidelen Nascht an der Sënnlosegkeet vun der eegener Existenz.
D‘Josiane Kartheiser huet Freed drun, widderspréchlech a bizzar Personnagen z’entwéckelen, beliicht awer och gär zäitgenëssesch gesellschaftlech Entwécklungen, mat engem humorvoll-(selbst)kritesche Bléck.
D’Christiane Kremer explizéiert virun hirer Lecture e wéineg d’Geschicht vum Verlag Kremart, dee si mam Luc Marteling gegrënnt huet a weist hin op dee groussen Erfolleg vun de SMARTBicher (déi sech zënter 2013 iwwer 33000mol verkaf hunn) an déi nei Serie TIMBA. Den Erfolleg vun hirem innovative Konzept, fir kuerz Texter vu Lëtzebuerger Auteuren souzesoen am gënschtegen a knappen „To-go-Format“virzestellen, huet de Grënner vu Kremart jiddefalls recht ginn.
An hirem éischte Roman „De Bicherbus“(publizéiert an der Serie Kanephora bei Kremart) entwéckelt d’Christiane Kremer d’Geschicht vum Corinne, enger Fra uganks 40, zënter Joren eigentlech glécklech bestuet mam Joe, engem Deputéierten, déi awer am Laf vun der Zäit feststellt, datt si sech an hirer Relatioun net méi wuel fillt a sech d’Fro stellt, ob si nach op deem fir si richtege Wee ass. Wéi si versicht aus hirer Situatioun auszebriechen, an ob dat hir geléngt, dofir lount et sech ganz bestëmmt dëse Roman vum Christiane Kremer ze liesen, wou Dreem eng ganz wichteg Roll spillen...
Eng kulturell absolut beräichernd Manifestatioun, déi jiddefalls Loscht gemaach huet, op en laange spannende Lies-Summer!
Weider Informatiounen zu de virgestallte Bicher ënner:
www.kremart.lu