„Ons Jongen“si net vergiess
Am Juli gëtt zu Maacher traditionell un d'Affer vum Zweete Weltkrich geduecht
Gréiwemaacher. Et war de 15. Juli 1956, wéi Kräizerbierg a Kräizkapell als „Monument aux Morts“vun der Stad Gréiwemaacher deklaréiert an ageweit goufen. Zënterhier gëtt all Joer den zweete Sonndeg am Juli an der Kräizkapell un d'Affer vun deene Jongen a Meedercher geduecht, déi an där onséileger Zäit vum Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d'Heemecht agesat hunn. Och 65 Joer no dem Verspriechen, déi gefale Komeroden net ze vergiessen, war kierzlech de Gedenkgottesdéngscht an der Kräizkapell – mat dem Kräizerbierg ass si zënter 2015 Nationalmonument – deen d'Maacher Zwangsrekrutéiert 1956 gestëft hunn. De Schäffen- a Gemengerot ëm de Buergermeeschter Léon Gloden, de Comité vun Ons Jongen ëm de President René Sertznig an d'Maacher Stadmusek hate sech eng Éier draus gemaach, fir och a Covid-Zäite bei där besënnlecher Feierstonn mat derbäi ze sinn. Um Enn vu senger Priedegt huet den Deche Claude Bache op d'Bedeitung vu „65 Joer Kräizerbierg a Kräizkapell Monument fir Ons Jongen“higewisen an den éischte President vun de Maacher
Zwangsrekrutéierten, de Jules Sertznig, zitéiert, deen de 15. Juli 1956 gesot huet: „Esou laang ewéi d'Maacher Mauere stinn, esou laang wéi ëm de Kräizerberreg d'Riewe bléien, wäerte mir éis Komeroden net vergeessen an trei zum Land an trei zu éiser Heemechtsstad Maacher ston.“
No der Mass sinn ënner de Kläng vun der „Sonnerie aux Morts” Blumme beim Steen virun der Kapell néier geluegt ginn, an déi besënnlech Feierstonn ass mat dem Spillen a Sange vun der „Heemecht” ausgeklongen.
Christophe Weiland
via mywort.lu