D'Zäiten hu sech geännert
Iwwer den Asaz vun engem Sécherheetsdéngscht zu Bouneweg
Mat Interesse hunn ech de Bréif vum 11. September iwwert d’Sécherheetsdéngscht zu Bouneweg gelies a sinn awer do vu aner Meenung.
Ech wunnen och säit 46 Joer hei zu Bouneweg an hu festgestallt, dass sech hei ganz vill verännert huet, laang net ëmmer zum Virdeel, an deene Joren. Och meng Kanner waren dobaussen an den 80er Joren, op verschidde Spillplaze mat Frëndinnen a spéider och zu méi oder eleng op der Gare. Mais d’Kanner sinn zu Erwuessene ginn an d’Zäiten hunn sech geännert.
Den Här schreift, dass de Sécherheetsdéngscht mat dem Hond him Angscht mécht an datt si a Stroosse ginn, wou een sech sécher fillt. Wat ass dann z. B. mat deem Jong, deen am Januar 2021 no bei der Place du Parc am hellen Owend ermort ginn ass? Ass dee scho vergiess? An et huet een héiere vun Iwwerfäll an der Bouneweger Strooss, Iwwerfäll an der Rue Sigismond ...? Esou läng een net selwer betraff ass, fillt een sech sécher, an nach méi mat der Patrouille, déi am Géigendeel méi Sécherheet verbreet an et Angscht.
An datt den Här déi Leit mat dem Schéiferhond an hirer donkeler Kleedung mat béisen Zäite vu fréier an Associatioun bréngt (Nazizäit?), dat geet guer net. Déi Leit maachen hir Aarbecht, den Hond (mat Maulkuerf!) geet och emol mat de Patten an d’Waasser op der Place du Parc bei Hëtzt oder gëtt ofgekillt mat Drénkwaasser. Also alles zimmlech relaxed!
Denkt den Här dann och esou, wann d’Poliziste mat dem Schéiferhond ënnerwee sinn, wat och emol virkënnt hei? Och schwaarz ugedoen? Dat wier grad esou onméiglech!
Dat Bescht fir d’Awunner vu Bouneweg wier, datt emol nees eng Versammlung mat der Madamm Polfer oder Vertriedung a Police ... am Centre culturel wier, wou d’Leit gehéiert ginn an d’Wuert kréien, hir Meenung ze soen. Et geet net ëmmer nëmmen ëm d’Garer Problemer.
Sylvie Scholtes,
Bouneweg
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Haalt op, de Bierger Angscht ze maachen“vum 11. September 2021.