Luxemburger Wort

D’Iwwerwannu­ng vum Géinteneen

Wéi komme mer zesummen aus dëse komeschen Zäiten?

-

Et ass fréi Moies an ech kann net schlofen. Dat scho säit enger gewësser Zäit, well ech mer vill Gedanke maachen, an do sinn ech warscheinl­ech net eleng, iwwert d’Situatioun vun eiser Gesellscha­ft. D’Eskalatiou­n vum leschte Samschden huet meng Grübelei nach verstäerkt: Wéi komme mer zesummen, wéi komme mer „gemeinsam“aus dëse komeschen Zäiten, wou ee géint deen aner ze si schéngt, wou et déi „eng“oder déi „aner“Säit ze gi schéngt.

Ech denken dobäi net, datt et wierklech nach ëm Corona geet, mee dat dës Situatioun wéinst ville Facteure virdrun ausgeléist gouf an datt sech hei am Combel weist oder ze weisen ufänkt, u wat et eigentlech an der Gesellscha­ft krankt. Eng Detailanal­ys mudden ech mer net zou ze féieren; awer ech stelle fest: Et fillen sech vill Leit net verstanen (an dat net réischt säit gëschter), vill Leit versti vill Leit net, vill Leit wëssen iwwerhaapt net méi, wat se verstoe sollen. An jo, et ass immens schwiereg ginn, sech am Informatio­unsdschung­el zurecht ze fannen, et fënnt een zu all Meenung fofzeg Youtube-Videoen an dräimol souvill Artikelen. Zu all Thema gëtt et mindestens eng Plattform a vill méi oder manner gerechtfäe­rdegt Experten. Ob eemol mécht alles Sënn, egal aus wéi engem Eck de Gedanke koum. D’Gedanke si fräi, an eng vun de gréisste Fräiheete vun eis Mënschen ass, datt mer an d’Reflexioun kënne kommen. Iwwer Saachen nodenken, se dréinen a kéieren, se vun alle Säite betruechte­n a Schlëss draus zéien. Heiansdo geet dat ganz schnell, heiansdo ass et guer net sou einfach, an heiansdo, sou geet et wuel ville beim komplexen Thema Corona, muss een sech weider Informatio­une sichen.

Déi Fräiheet huet vill Aspekter, een dovunner ass, datt mer eis eis Gedankewel­ten sou selwer forme kënnen a mat deene Meenungen an Theorien dekoréiere­n, déi eis am beschte gefalen oder am logeschste schéngen. Et ass onëmgängle­ch, datt eng Verzerrung stattfënnt, well de Mënsch sech d’office am beschten an deem zurecht fënnt, dat e scho kennt. Esou sammele mer méi oder manner bewosst Iddien, déi an eist Konstrukt passen – a fänken sou un, eis an enger Bull, enger Verzerrung, ganz wuel ze spieren. Et geet hei weder explizitt ëm sougenannt­en Impfgéigne­r oder Impfluence­r, et geet ganz einfach ëm eng natierlech Sich vum Mënsch no Orientéier­ung am Chaos vun dobaussen. Wann den „Dobaussen“bréckelt, wa Vertrauen an Institutio­unen, an d’Politik, an d’Gesellscha­ft schwënnt, an dorënner fält och de Glawen, da sicht een en neie Kader, eppes, wourun een sech unhale kann, wann alles schwankt an onsécher schéngt. Wann Emotiounen an Affekter dann och nach bei där Sich iwwerweien, wann déi present Narrativer Virurteele­r ënnerstëtz­en, da fillt een sech liicht enger Grupp zougehéier­end, a fënnt domat een neien Anker an de stiermesch­en Zäiten.

D’Krux läit fir mech doran, datt et duerch ze enk Narrativer zu weiderem Onverständ­nis kënnt. Et kënnt zu enger weiderer Spaltung an „dofir an dogéint“a virun allem féiert et zu stäerkerer Intoleranz vis-à-vis vun, eben, deenen Aneren.

Déi Fäegkeet zum Selwer denken ze kommen, ass déi, wéi uewen erwäänt, déi fir eis Fräiheet bedeit. Awer net bedéngungs­los Fräiheet, well och hei gëllt et, an hei si mer beim däitsche Philosoph Immanuel Kant, logesch a widderspro­chsfräi, a selwer, autonom, ze denken, sech ze froen: „Stëmmt dat wierklech? A wéi kann ech dat préifen?“

Wéi soll een dat ufänken, wann et bei schwierege­n Theme wéi Corona, Impfflicht, an sou weider, esou vill Daten a Meenungen, Zuelen an Theorie ginn, datt een de Bësch vu lauter Beem net méi gesäit?

Och hei gëllt et, wéi de Kant et scho gehalen huet, d’Grenze vun eisem Wëssen a Wësse-Kënnen ze respektéie­ren, wéi och den Dogma vum Wëssen ze trennen. A wisou net, zesummen? Wisou net Plattforme schafen, wou zesumme mat de Leit Fakten an Onfakten opriichteg op de Grond gaange gëtt? Wisou net da mol Theorien a wëssenscha­ftlech Findunge fir de Laien novollzéib­ar gemeinsam opschaffen? Wat ass un där Theorie drun? Op wat baséiert se? Oder wéi kënnt d’Wëssenscha­ft op dës Schlussfol­gerung? An hei geet et net just drëm, eesäiteg ze bleiwen, nee, och Sujeten, déi deem enge abstrus a weltfriem an deem anere komplett sënnvoll erschéngen, ze behandelen. An enger Form, déi virun allem Respekt a Logik erméiglech­t, enger Form, wou mer net an der Spaltung matenee schwätzen, mee als Eenheet vu Mënschen, déi sech wëllen Orientéier­ung ginn, déi verstoe wëllen, a Mësstrauen, Angscht a Suerg lassginn. D’Experten, déi hei matschaffe­n, mussen sech och stellen, et soll alles op de Préifstee geluecht ginn, wat drop geluecht gi muss, fir datt mer rëm kënnen zesumme schwätzen a verstoen, fir datt mer eis kënnen all bedeelegt spieren a virun allem, jiddereen, gehéiert – an net an een Eck gedréckt.

De Rechtsstaa­t muss ee Kader ginn, de Mënsch selwer packt d’Autonomie net ëmmer all ze laang. Fir datt mer awer kënnen an engem Kader liewen, wou mer der Fräiheet vun de Gedanken nogoe kënnen an dëst mat Flicht a Würd géigeniwwe­r eis selwer an der Mënschheet als solcht, musse mer verschidde Reegelen akzeptéier­en – an awer och d’Méiglechke­et hunn, se gemeinsam op eng verstänneg Aart a Weis hannerfroe­n an, gegebenenf­alls, optiméiere­n ze kënnen. Dat geet just, wa mer zesummen un deem Zil schaffen, och an Zukunft zesummen ze schaffen. Ech wäert mech ëmmer dofir asetzen, fir deem Ideal Stéck fir Stéck méi no ze kommen.

Nora Schleich, Untereisen­bach

 ?? Foto: Elena Arens ?? De Rechtsstaa­t muss ee Kader ginn, de Mënsch selwer packt d’Autonomie net ëmmer all ze laang, seet d'Autrice.
Foto: Elena Arens De Rechtsstaa­t muss ee Kader ginn, de Mënsch selwer packt d’Autonomie net ëmmer all ze laang, seet d'Autrice.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg