Egozentrik géint Pandemiereegelen
Déi katastrophal „Maniffen“weisen eis reegelméisseg op en neits, wéi wäit den Egozentrismus an domadder och d'Bornéiertheet vu vill ze vill Leit virun allem an deene Länner ëm sech gräift, wou et der Bevëlkerung am groussen a ganzen dach gutt geet a wou se keng Angscht brauchen ze hunn, de Mond op ze doen ...
Fir mech ass dat och en Zeeche vun der joerzéngtelaanger Eizieizi-Pedagogie, vun enger eropgeziichtener Spaassgesellschaft, déi net akzeptéiere kann, dass eng brandgeféierlech Pandemie hinne lo e Stréch duerch d'Rechnung mécht! Vill Jonker an och net méi sou Jonker hunn ni geléiert, dass et an der heiteger Situatioun mol eng Kéier net nëmmen ëm si geet, mee ëm eis all. Et gëllt lo, dat verwinnte Schwäin an den Eck ze stellen a mol ronderëm sech ze kucken a sech och mol fir déi aner z'intresséieren an deemno ze handelen.
Et ass eng Ausnamsituatioun an dowéinst gëlle lo, fir eng bestëmmten Zäit, Ausnamreegelen!
Jo, wann een ëmmer mat Motzen an Diskutéieren e Liewe laang säi Wëllen duerchgesat krut, ass dat megaschwéier, lo mol zréck ze stiechen ...
Jo, et fillt een sech sécher staark, fräi a bestätegt a sengem Egoismus, wann een ouni Mask, Schëller u Schëller, blärend a souguer mat senge Kanner a senge Landesnoperen duerch d'Avenue zitt, mee dat ass net d'Léisung!
D'Léisung ass: Stiecht ären Ego an d'Täsch, intresséiert iech och mol fir déi Aner a gleeft net all Blödsinn, deen iech an äre bequeeme Krom passt!
Et ass lo wou et gëllt! Et gëtt och eng Zäit ouni Covid, mee nëmme mat iech!
Manon Kayser, Alzéng