Intolerant
Elo wou ech am viraussiichtlech leschte Véierel vu mengem Liewen ukomm sinn, hätt ech geduecht, dass duerch d’Erfarung an de Recul vun de Joren, meng Toleranz méi grouss géif ginn. Allerdéngs ass dat nu guer net de Fall am Kontext vun der aktueller Kris. Ech muss zu menger Schan agestoen, dass ech méi a méi intolerant ginn, an zwar:
– intolerant géigeniwwer deene Leit, déi di Kris, entgéingt aller wëssenschaftlecher Evidenz, ofstreiden;
– intolerant géigeniwwer deene Leit, di hiren aarmséilegen Ego iwwer d’gesellschaftlech Solidaritéit stellen, op deselwecht awer zielen, sollten si da krank ginn;
– intolerant géigeniwwer deene Leit, di Freides owes „Fräiheet“an der Stad blären an domat d’ganz Gesellschaft a Geiselhaft huelen;
– intolerant géigeniwwer deene puer Manipulateuren a egoistesche Politiker, di an hirem ureegenden Interêt vun där Kris profitéiere wëllen, andeems si mat béisaartege Falschduerstellungen d’Leit opstëppelen;
– a schlussendlech intolerant géigeniwwer all deenen, di duerch hiert onsolidarescht Behuelen eise Kanner en Deel vun där schéinster Zäit vun hirem Liewe klauen.
Ech hoffen, dass eis Politiker de Courage wäerten hunn, fir an nächster Zäit, esou wéi et sech och an deene Länner ronderëm eis undeit, d‘Impfung ze imposéieren, sou dass mer di katastrophal Situatioun besser kënne geréieren. An da loosse mer hoffen, dass eis Kanner d’Méiglechkeet kréien, di Welt, déi eis Generatioun hinnen hannerléisst, erëm e bësse besser ze maachen.
Robert Christophory,
Senningen