Wéi fiabel ass dat, wat de Premier op der Pressekonferenz gesot huet?
Fir et virop ze soen: mir sinn enttäuscht an déck rosen! Mir liesen haut, den 30. November am „Luxemburger Wort“: „Für die 45 000 Personen, die zweimal mit Astra Zeneca geimpft wurden ... kam die gute Nachricht, dass sie bereits vier Monate nach ihrer Impfung eine Auffrischung erhalten können“.
Am „Tageblatt“gëtt de Premier „himself“zitéiert, deen op der Pressekonferenz gesot huet: „Sie können schon morgen mit oder ohne Termin im Impfzentrum
eine Boosterimpfung erhalten“.
Meng Fra an ech sinn am Fall vun deene genannte 45 000 Persounen. Mir hunn eis gesot, looss mer et esou schnell ewéi méiglech hannert eis bréngen a sinn am Nomëtteg vun Iechternach an den Impfzentrum op de Lampertsbierg gefuer, well mer do och di zwou éischt Impfunge kritt hunn. Bei enger éischter Kontroll an der Entrée vum Parking si mer gefrot ginn: „Vous avez rendezvous? – Non. – Alors, revenez demain matin!“. Mir wollten awer net esou einfach opginn. An der Entrée vum Impfzenter, erëm dee selwechten Zenario: „Vous avez rendez-vous? – Non. – Alors revenez demain matin!“. Mir hunn doropshinn no engem Responsabel gefrot, deen och komm ass. Mir hunn och him erkläert, dass mer eis op dat verlooss hunn, wat de Premier op der Pressekonferenz gesot huet.
Et wor näischt ze maachen. Befeel vun ouwen (sic)! Wat kann een dogéint soen oder maachen?
Näischt! Mir si erëm fei brav heemgefuer. Wat fir eng Garantie hu mir elo, wa mer géife mar de Moie kommen, dass mer net erëm dat selwecht erliewen? Iwwregens, mir waren net eleng an dëser penibeler Situatioun. Och eng Damm gouf mat eis ofgewisen, obwuel si sech extra Congé geholl hat, fir sech impfen ze loossen. Wéi vill anerer sech, wéi mir, op dem Premier säi Wuert verlooss haten, wësse mer net. Robert Altmann,
Iechternach