Scho rëm di Domm!
Wéi mäi Mann an ech Enn März resp. Ufanks Abrëll dëst Joer de Covid kruten, hu mir 3 Deeg drop d'Invitatioun fir déi éischt Impfung kritt. Domm gaang! Mir konnten eis also net éischter wéi 3 Méint no der Erkrankung impfe loossen. Deemools ass et nach kee CovidCheck ginn, ech konnt also net wéi et nes lass gaangen ass, datt ee konnt Sport maachen, rëm wéi virdrun an den Aquagym an mat den Häerzsportler walken goen, well ech jo net geimpft war. Domm gaang! Soubal et méiglech war, hu mir eis also impfe gelooss. Fir mech war dat Mëtt September déi 2. Kéier. Mäi Mann, deen méi uerg vom Covid betraff war, war 4 Wochen an der Klinik an dovun 4 Deeg op der Intensivstatioun, ass ee puer Méint an de Rehazenter um Kierchbierg gaangen fir rëm fit ze ginn. Mir haten eis souguer bereet erklärt, fir vum Ministère de la Santé bäi engem Temoignage vun eisen Erliefnisser mat Covid gefilmt ze ginn, deen och um Site vum Ministère an op Facebook ze gesi war. Lo si mir also nach net geboostert. Mir kënne nach net geboostert ginn, well d'Impfung nach net laang genuch zréck läit. Domm gaang! Well lo schreift mir d'Schwämm vun Housen, datt ech net méi mat mengem 2G kann do ran. Just wann ech en zousätzlechen Test fir 4 € maachen op der Plaz. Ech gi bis zu 4x d'Woch an Aqua-Course, well dat mat mengen verschiddene Boboen, déi ech lo net well hei opzielen, dat Bescht ass fir mäi Kierper. Ech hunn een 2-Jores-Abonnement vun 1800 € zu Housen a soll lo nach zousätzlech 16 € d'Woch méi bezuelen, well ech Covid hat!? Domm gaangen, oder?
Chantal Büchler Bettenduerf