Gejéimers, Geknuutschs, Geimpfs
Wat sinn dat eigentlech fir Wierder?
Kennt Der dat? Dat ganzt Gepiddels a Gefréckels, dat Geschnëss an dat Gelaachs an dat villt Gebësels, Getuuts a Gewurschtels, awer och Gekrauls a Geheemels? Hei geet et allerdéngs manner ëm den inhaltlechen Aspekt, dass op verschiddene Plaze vill geschnësst, gebëselt oder gekrault gëtt, mee och ëm de strukturellen Aspekt, also ëm Wierder, déi no dësem Scheema opgebaut sinn a bei deenen et sech lount, sech hir Struktur e bësse méi genee unzekucken.
Am Lëtzebuergesche si Wuertbildunge mat {Ge...s} net ongewéinlech. Dat geet vu lexikaliséierte Wierder (also souer, déi fest am Lëtzebuergeschen etabléiert sinn) wéi Gedrénks oder Gestëppels bis bei Spontanbildunge wéi Gedossiers, Gehinanhiers oder rezenterweis och
Geimpfs.1 Dëst Wuertbildungselement nennt sech Zirkumfix an et kritt säin Numm doduerch, dass et sech ronderëm eng Basis leet (vu lat. circum- ‚ronderëm’ a fixus ‚fest’).
D’Basis vun dëse Ge-s-Wuertbildungen ass typescherweis e Verb, dat eppes ausdréckt, wat sech widderhëlt oder relativ laang dauert. D’Wuertbildungsmuster, also wéi sech déi eenzel Deeler zesummesetzen, gëtt an der Klamer däitlech gemaach.
• jéimeren – Gejéimers (Ge-jéimer-s) • schellen – Geschells (Ge-schell-s)
• pechen – Gepechs (Ge-pech-s)
• knuutschen – Geknuutschs (Ge-knuutsch-s)
Wierder, déi aus Verben entstinn
Eng Verbbasis kann och eng betount Partikel hunn: opféieren. Dës integréiert sech dann an déi nei Wuertbildung an den Zirkumfix leet sech souzesoe ronderëm d’Basisverb. D’Partikel am Ufank kann dobäi eng, zwou oder dräi Silben hunn.
• opféieren – Opgeféiers (Op-ge-féier-s) • erausschnëppelen – Erausgeschnëppels (Eraus-ge-schnëppel-s)
• ronderëmtelefonéieren – Ronderëmgetelefonéiers (Ronderëm-ge-telefonéier-s)
Déi Wierder, déi hei entstinn, droen de Fachbegrëff iteratiivt Verbalsubstantiv, well se 1. e Substantiv sinn (Zil-Wuertaart), 2. normalerweis aus Verben ofgeleet sinn an 3. eng Aktivitéit beschreiwen, déi undauert respektiv sech widderhëlt (iterativ). Wou vill gedréckt gëtt, ass deemno vill Gedrécks, wou vill gestridde gëtt, ass vill Gestreits, asw.
Dass sech déi Verben inhaltlech mat eppes befaassen, wat laang unhält, iwwerdréit sech och op dat neit Ge-s-Wuert: Dës Aktivitéit dauert esou laang an ass esou opfälleg, dass se iergendwann als laangwiereg, ustrengend oder am Extreemfall als nerveg empfonnt gëtt. Dat erkennt een och bei den Iwwersetzungen am Luxemburger Wörterbuch (1950-1975), wéi beispillsweis beim Begrëff Gebläers (mat der aler Schreifweis Gebläärs). Hei gëtt den Aspekt vum Nervegsinn an der däitscher Iwwersetzung mat villen Detailer beschriwwen.
• Gebläers = anhaltendes, lästiges Plärren einer unangenehmen Stimme, maßloses Weinen besonders der Kinder
Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) ass déi däitsch Iwwersetzung am direkte Verglach méi kompakt.
• Gebläers = Geplärr, Geschrei
Hei erkennt een awer och eng änlech Wuertbildung am Däitschen, wou een den Zirkumfix {Ge...e} (Gebelle) oder an der verkierzter Form Gebell fënnt. Donieft huet een am Däitschen awer och Wierder wéi Bellerei (mam Suffix {-(er)ei}), déi e bëssen dee selwechten Aspekt ausdrécken: eppes widderhëlt sech a gëtt als ustrengend empfonnt (well et beispillsweis Kaméidi mécht).
Meeschtens dréie sech déi Verben ëm eppes, wat e lästegt Geräisch mécht oder eppes, wat engem generell op d’Strëmp geet. Eng Ge-s-Bildung ass eppes, wat d’Opmierksamkeet op sech zitt, well et permanent gemaach gëtt: Gejäiz, Gekniwwels, Geréckels. Wann en Hond an der Strooss eng Kéier billt, géif een net vu Gebills schwätzen. Wann den Nopeschhond awer all kleng Beweegung virun der Dier mellt, dann ass et schonn éischter eng iterativ Handlung an e gudde Kandidat, fir vu Gebills ze schwätzen.
Dës Ge-s-Wierder bezéie sech awer net just op d’Aktivitéit u sech, si kënnen och d’Saach benennen, vun där e Geräisch ausgeet. E schéint Beispill fënnt een am Luxemburger Wörterbuch, wou gläich dräi Sënner fir e Ge-s-Wuert erkläert ginn:
• Gebampels, Gebëmpels, Gebompels N.: 1) lästiges Baumeln, 2) baumelnde Gegenstände (etwa billiger Schmuck), 3) wiederholtes Glockengeläut
De Sënn 1 beschreift eppes, wat ee warscheinlech an der Vue stéiert, eppes, wat permanent wibbelt an dobäi vläicht nach e Geräisch mécht. Bei Sënn 2 ass et de Géigestand, vläit Dekobullen un engem Bam, hei och metaphoresch fir Bijouen (à la: gerëscht wéi e Chrëschtbeemchen). De Sënn 3 bezitt sech dann op d’Geräisch vu Klacken, déi hin- an hierschwéngen.
Vun „e bëssen opfälleg“bis „mega nerveg“
Fest Ausdréck an nei (expressiv) Tournuren
Nieft dësen éischter pejorative Wuertbildungen, an deenen eppes ausgedréckt gëtt, wat stéiert, fënnt een déi Ge-s-Wierder awer och als Kollektivbildung. Eppes fir ze drénke gëtt deemno als Gedrénks bezeechent, net well d’Drénken nerveg ass, mee well et alles bezeechent, wat souzesoe fir ze drénken ass. Dëst ass eng eeler Funktioun vun dësem Zirkumfix, déi mer och bei däitsche Wierder fannen. Esou Kollektivbildunge si beispillsweis d’Iwwerbegrëffer Gebirge oder Geflügel – also Bierger, déi zesummen eng Landschaft bilden, oder (iessbar) Déieren, déi Flilleken hunn. An dëse Fäll gëtt vun engem Kollektivbegrëff geschwat, vu Liewewiesen oder Elementer, déi eng Eegenschaft deelen. Heirënner falen och Begrëffer wéi Geschwister respektiv Geschwëster oder d'Gedäerms. An engem klenge Restaurant hei am Land gëtt et eng Menüskaart, op där d'Nuddelplaten als Genuddels a Kniddelplaten als Gekniddels betitelt ginn – e schéint Beispill fir Spontanbildunge mat dësem Zirkumfix, fir Kollektiva ze benennen.
Wéi am Ufank beschriwwe baséieren déi expressiv Tournurë wéi Gejéimers a Geknuutschs (also déi mat engem liicht pejorativen Aspekt) op engem Verb. Hei stinn awer och aner Wuertaarten zur Verfügung. Bei Gebichers gëtt et kee Verb bicheren, mee et ass de Pluriel vum Substantiv Buch. Et geet drëm, dass anzwousch ze vill Bicher sinn oder dass dat Theema iergendwéi als lästeg empfonnt gëtt.
Bei Ausdréck wéi Gedossiers oder Geprozeduers wierkt epps oniwwersiichtlech a gëtt duerch déi Ge-s-Bildung entspriechend ausgedréckt. Och Konjunktioune kënnen d’Basis vun engem Ge-s-Wuert bilden: Geawers (Ge-awers). Hei geet et drëm, dass eng Persoun oder e Grupp vu Persounen ëmmer nees eppes ze bemängelen huet an hir vill Aweren als nerveg opgefaasst ginn. D’Geawers ass souguer am Luxemburger Wörterbuch an och hei gëtt deen negativen Aspekt an der däitscher Iwwersetzung däitlech gemaach.
Geawers = anhaltender, unkonstruktiver Widerspruch, lähmende Unschlüssigkeit
Hei kéint een elo soen: „Dat hunn ech awer nach ni héieren!“. Dat läit villäicht dorunner, dass et sech hei dacks ëm Spontanbildungen handelt, déi och mat der Kreativitéit vun där Persoun an hirem Grad un Expressivitéit zesummenhänken. Kloer ass och, dass et am Allgemengen individuell a stilistesch ënnerschiddlech Ausdrocksméiglechkeete gëtt an déi ënnerschiddlech benotzt a bewäert ginn. An enger manner expressiver, also méi neutraler Ausdrocksweis kéint een eng aner Tournure erwaarden: déi vill Bicher, déi vill Dossieren, déi laang Prozeduren.
Sécher ass awer, dass déi Ge-s-Bildungen an der geschwater Sprooch an och an de Lëtzebuerger Dictionnairë gutt vertruede sinn an – obwuel se dacks eppes Nerveges bezeechnen – aus linguistescher Perspektiv zimmlech spannend sinn.
All d’Beispiller aus dësem Text baséieren op reelle lëtzebuergeschen online Beleeër.
Ressourcen:
Lëtzebuerger Online Dictionnaire – lod.lu (2007ff.). Leedung: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch [Versioun vum 6. Dezember 2021].
Luxemburger Wörterbuch (1950-1975): Band 1-5. Erausgi vun der Wierderbuchkommissioun. Lëtzebuerg: P. Linden.
*
D’Dr. Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a beschäftegt sech mat lëtzebuergesche Saz- a Wuertstrukturen. Aktuell schafft si un enger grammatescher Beschreiwung vum Lëtzebuergeschen.