Chorale Hobscheid
Eis Mëttelen gi méi bescheiden, an awer wëlle mer äis d’Freed net huele loossen, eise Glawen ze feieren a vill Leit dorunner deelzehuelen. Um Dräifaltegkeetssonndeg gët d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroen. Et ass wichteg, dass mer sonndes zesumme feieren. An déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht mécht och dëse Sonndeg hier Kierchendier grouss op, fir dass mer esou zu enger grousser digitaler Gottesdéngschtgemeinschaft ginn. Mir feieren eisen dräifaltege Gott, dee sou grouss a sengem Geheimnis ass, dass mir ën als Papp, Jesus Christus an Hellege Geescht erliewen a feieren.