Fir just fënnef Minutten erklären
Keen Häerz, kee Versteesdemech, verstoppen hannert dem Corona-Wahnsinn?
Madamm Lenert, mär platzt de Kolli! Eescht, ech hoffen, Är Famill kënnt net an deem Fall! Mee leider, wäert Där, Madamm Lenert, sécher net ofgespeist ginn, mee duerch eng Hannerdier erageschleist ginn! Dat ënnerstellen ech elo emol Iech, grad wéi aner héich Politiker oder Amtsträger.
Leschte Sonndeg gouf mäi Papp an d'Spidol ageliwwert fir ee Kappscan, well hien e spasteschen Ufall hat. Ech maan mech op de Wee an dat Spidol, waarde mäin Tour an erklären do, firwat ech just kuerz mäi Papp wëll gesinn. Hien ass 92 Joer, heiansdo duercherneen, gesäit just nach zu 15 Prozent, héiert bal näischt, ausser et schwätzt ee gemittlech an däitlech mat him. Net hektesch a schnell. Dat erliewen ech ëmmer, ob am Heim oder Spidol, en plus franséisch dann! Schéngt keen ze interesséieren.
Ech gouf un dräi verschidde Madammen a Receptioune verwisen, an niergends hat ech Erfolleg, fir mäi Papp just fënnef Minutten ze gesinn, just fir him ze erklären, wou hien ass, ëm wat et geet, hie berouegen!
Aussoe vun all: „Neen, dat geet ower net. Mär mellen eis bäi iech! Ech ka just widderhuelen, wat ech gesot krut!“Wat bleift engem do als Handlung? Näischt! Et ass ee machtlos! Et kënnt een sech vir wéi op enger Helpline hautdesdaags, just, dass een eng real Persoun virun sech huet. Null Erfolleg, null Versteesdemech!
Alles verstoppt sech hannert iergendenger Hürd, engem Gesetzesartikel, enger Reegel, engem Uerder, Uweisung a Corona-Nowéien. Mäi Papp wor viru Méint schonns eemol esou ageliwwert ginn, mee dat wor en anert Spidol. Selwechten Zenario.
No véier Stonne waarden an Nofroen, hunn ech do endlech kuerz dierfen an déi „ofgeschiermten helleg Raim eragoen. Dat ower just, well mäi Papp net wousst, wou hien dru wier, keen „erkannt“huet, näischt verstanen a sech deels gewiert huet doduerch. No deene puer Minutte mat him, wor alles ok. Hie berouegt an ech och. Wat mär ower och opgefall wor, hie louch nach ëmmer um Gang op enger Prëtsch, an nach näischt wor gekuckt ginn! Dat dann, nodeems hien ageliwwert gouf op Verdacht op Hiereschlag.
Madamm Lenert, dass et Richtlinne musse ginn, ass verständlech, awer et gi Grenzen. Mee wann dat ewell d’Politik ass, mat den eeler oder kranke Leit ëmzegoe wéi mat enger „Wuer“, oder wann dat d'Politik ass, de Mangel u Personal ze „verstoppen“andeems dee ganzen Apparat ofgeschiermt gëtt duerch ëmmer nei Barrièren, Guichets, Helplines …?
Et kritt een d'Gefill, d'Personal gëtt agestallt fir Guichets an Helplines ze besetzen, fir d'Leit vu baussen dem Chaos a Versoen intern ewechzehalen! Maach sinn, dass ech elo iwwerdreiwen … mee … Et huet een Angscht selwer al ze ginn!
Wat wor dat dach nach berouegend virun e puer Joer, wou et nach d’Zitha an der Stad ginn ass! No déi Fusioune goung de Misär lass!
P. S.: No véier Stonnen, wousst ech nach näischt, a konnt och net bäi de Papp. Där kennt iech mengen!
Marc Kirsch, Schëffleng
Dëst ass en oppene Bréif un d'Gesondheetsministesch Madamm Paulette Lenert.