Mir bestueden äis op der Gemeng
Iwwert eng jonk Koppel aus Syrien
Eis Associatioun „Eng Zukunft zu Lëtzebuerg“hëlleft Flüchtlingen aus Syrien an dem Irak, déi de Flüchtlingsstatut hunn, op hirem Wee zur Integratioun an d’Lëtzebuerger Gesellschaft.
Mir erklären hinnen d'Dokumenter, déi si vun der Verwaltung geschéckt kréien, mir gi mat hinnen ob wichteg Rendez-vousen, mir informéieren si iwwer Lëtzebuerg.
A bei all Geleeënheet insistéiere mir drop, dass si sech un eis gesellschaftlech Normen a Gesetzer hale mussen, och wann déi net hirem kulturelle Versteesdemech entspriechen. So z. B. däerfen si sech eréischt nom islamesche Ritus bestueden, wa si virdrun op der Gemeng zivil bestuet gi sinn.
Dat kléngt einfach, ass et awer net. Eng jonk Koppel, verléift, wëlles, sech fir d’Liewen ze bannen, allen zwee aus Syrien, allen zwee „bénéficiaire de la protection internationale“, hunn am September 2021 op der Gemeng vum jonke Mann ugefrot, fir sech kënnen ze bestueden.
Am Oktober hunn si déi virgeschriwwen Dokumenter eragereecht. Am November nach weider Dokumenter, well déi éischt net duergaange sinn. Du goufen der nach gefrot; des Kéier méi schwéier erbäizekréien, z. B. e syresche Gebuertsschäin. Wéi soll een, dee fortgelaf ass, well hie verfollegt gouf, dat maachen? Him gëtt geroden, ee vun der Famill, deen am Land bliwwen ass, kéint op d’Verwaltung froe goen, awer dee soll gefällegst oppassen, dass hien net an d’Gräpp vun engem vun de ville Geheimdéngschter leeft.
Et huet bis an den Abrëll gedauert, bis si déi Dokumenter erbäikruten. Déi jonk Koppel huet geduecht, hiren Dossier wär endlech komplett. Wäit gefeelt! Et housch, d’Dokumenter misste vun enger syrescher Ambassade oder dem syreschen Ausseministär ofgestempelt ginn.
D’Kiischt um Kuch: wéi d’Dokumenter all fäerdeg an och iwwersat waren, krut d’Koppel gesot, all d’Dokumenter, déi méi wéi 6 Méint al sinn, missten erneiert ginn.
Et entzitt sech eiser Kenntnis, ob an dësem Fall offiziell Prozeduren oder Spéngelschësserei déi jonk Leit drun hënneren, sech ze bestueden, op all Fäll entzitt et sech eisem Versteesdemech.
Siggy Koenig, Lëtzebuerg