Hei gëtt alt nees eng Kéier eppes Hallwes gebastelt
Iwwer den Ëmbau vum Kreesverkéier Sandweiler
Wéi kann et sinn, dass mir de Kreesverkéier Sandweiler fir 2,3 Milliounen Euro ëmbauen an da folgend Saache vergiessen? No Confirmatioun vu „Ponts et chaussées“ass net geplangt, e Bypass vu Sandweiler Richtung Irgäertchen ze bauen, sou wéi et de Bypass lo scho fir de Bus gëtt. Dat heescht: All Auto, dee vu Sandweiler an den Irgäertchen fiert, muss duerch de Rond-point fueren.
Et misst dach jidderengem aliichten, dass fir déi nächstméigelech Ausfaart e Bypass muss gebaut ginn! Och huet „Ponts et chaussées“confirméiert, dass keng zweet Bunn aus dem Irgäertchen a Richtung neie Rond-point gebaut gëtt. Dat heescht: Kuerz virum Rond-point muss awer rëm alles op eng Bunn! Dëse „Venturi” (Enkpass) kéint een ëmgoen, wann een aus dem Irgäertchen bis an de
Rond-point eng Bunn dobäi baut. Hei gëtt rëm eppes Hallwes gebastelt. Ech fille mech hei un en Interview erënnert, an deem de Bierger erzielt krut, den neien Turbo-Rond-Point Irgäertchen wär souguer zu Spëtzenzäiten nëmmen zu 80 Prozent ausgelaascht an dofir bräicht ee keen Tunnel ënnendrënner ...
Claude Betzen, Sandweiler