Wat Zuchfuere mat Lottospille gemeinsam huet
Mam Vëlo an Zuch duerch d’Land
Léif CFL! Ech loosse mäin Auto gär stoen. Ech kommen nämlech, kombinéiert, mam Vëlo a mam Zuch op di meeschte Platzen, op déi ech muss hin. Am Prinzip. Well dat ass nik ëmmer sou einfach.
Ech wunne säit 22 Joer zu Bouneweg a fueren zum Beispill, well mäi Kiné dohinner geplënnert ass, desëfteren op Käl, andeems ech den Zuch vum Houwald op Näerzeng huelen, an de Rescht vun der Streck mam Vëlo man.
Wann ech dann um Houwald mat mengem Vëlo wëll an den Zuch klamme, gëtt et scho spannend: wou wäert haut rëm de Waggon fir d’Vëloe sinn? Ganz vir? Ganz hannen? An der Mëtt? Ech muss soe, léif CFL, obschonn ech vu mir aus schonn zimmlech vill Sport man, hutt dir meng Sprinterqualitéite verbessert: 8 vun 10 Mol rennen ech, wärendeems ech de Vëlo drécken, iwwert de Quai, fir iergendwéi zur Zäit nach an den Zuch ze kommen. Meeschtens klappt et. Meeschtens ...
Wann ech dann awer beim eenzege Vëloswaggon ukommen, muss ech mech froen, wou ech da lo mäi Vëlo soll stellen: et ass alles besat. Nik onbedéngt mat Vëloen (oder Kutschen: déi wéineg Abteiler si jo och fir jonk Eltere mat hire klenge Kanner do), mee mat Leit, déi ouni Vëlo oder Kutsch do setzen, obschonn an deenen aneren Abteiler nach enorm vill Sëtzplatze fräi sinn. D’CFL-Personal seet och näischt zu deenen, datt si solle réckelen. Nujee. Ech sinn dee Moment op jiddefall frou, datt ech am Zuch sinn an – och dat ass jee no Zuchmodell nik garantéiert – gläichens dem Quai konnt eraklammen. Well et ass nik an all Zuch een Abteil fir de Vëlo, an da muss en deen d’Träpplecker erophiewen. De Vëlo ass schwéier. Mee ech gi jo bei de Kiné... Fir dat auszegläichen, gëtt et dann – mee dat ass puere Luxus – heiansdo et een Zuch mat véier Waggonen a véier Vëlosabteiler. Et ass warscheinlech wéi an der Schoul, wann herno d’Moyenne zielt.
Den absolutte Vull ofgeschoss, léif CFL, hat dir awer dee leschten 31. Mee, an engem Zuch, dee Mëttes aus der Stad a Richtung Esch gefuer ass. Ech sinn um Houwald, mol rëm ausser Otem, an dat eenzegt Vëlosabteil geklomm, wat am Zuch war. Ech sinn op der lénker Säit erageklomm. Kuerz, éier den Zuch zu Näerzeng, wou ee muss op der rechtser Säit erausklammen, ukoum, gesinn ech do ee klengt Schëld op där Dir, datt déi „hors Service“wier. Resultat: ech hu mech misse, fir nach zur Zäit erauszekommen, mat mengem Vëlo duerch dat ganzt Abteil, laanscht d’Sëtzreien an ee puer – et waren der nik vill, déi aner souze jo am Vëlosabteil – genervten aner Clienten hetzen. Eng Form vu CycloCross am Zuch eben.
Ech konnt just nach de Kapp rëselen, iwwer sou vill Inkompetenz. Ech froe mech: koordinéiert do een d’Planifikatioun vun deenen Abteiler an den Zich, oder geet et just drëms de Client opzezéien?
Ech wëll mir de Wahnsinn op der Diddlénger Autobunn wierklech nik undinn. Och nik deen op der Escher, wann ech op d’Uni schaffe fueren. Ech wëll, och a grad aus Klimaschutzgrënn, mam Zuch a Vëlo duerch d’Land kommen a verzichte, souwäit et geet, konsequent op den Auto. Mee ech mengen, ech hu méi Chance beim Lottospillen ze gewannen, wéi an engem Zuch vun der CFL, séier, op där richteger Platz an ouni Stress ee valabelt Vëlosabteil ze fannen. Mike Richartz,
Bouneweg