Mat Vollgas an de Weltënnergang
Zu Wickreng entsteet en Zentrum fir den Auto
Ech si stolz op eist Land, dat éischt op der Welt, wou den ëffentlechen Transport gratis ass. Do hunn sech intelligent a wäitsiichteg Politiker*innen dofir agesat, dass eppes fir di sozial schwaach Leit a géint d‘Bedrohung vum Klimawandel gemaach gëtt.
Ech schumme mech fir dat, wat ech am Journal gesinn an héieren hunn: „GridX“. Do erziele Männer (nëmme Männer!) voller Stolz a mat kindlecher Begeeschterung, iwwert e Projet, deen esou hirësseg ass, dass et engem d‘Sprooch verschléit.
Zu Wickreng entsteet en Zentrum fir den Auto! Eng riseg Infrastruktur, net fir en Alters- a Fleegeheim, net fir e Spidol a scho guer net fir bezuelbare Wunnraum fir eis Kanner an Enkelkanner, mä Wunnraum fir ee vun de gréisste Feeler vun der industrieller Zäit, den Auto! Schummt sech do eigentlech
Schummt sech do eigentlech keen, freet den Auteur.
keen? Di Wickrenger Gemengepappen a Mammen? An enger Zäit, wou d‘EU doriwwer diskutéiert, dem Verbrennungsmotor definitiv de Garaus ze maachen? Wéi erkläre mir den zukünftege Generatiounen dat?
Fir déi, di net an de Genoss vun dëser Reportage am „RTL“-Journal vum 9. Juni 2022 komm sinn, hei e klengen Iwwerbléck. Niewent
der Escher Autobunn entsteet eng Shopping Mall mat Schwéierpunkt op Luxuscarossen, Autoe fir Angeber a räich Oligarchen, Oldtimer aus dem Autosmusée vun Turin an en Hotel. (Dir kënnt elo op Wickreng an d’Vakanz goen). Op dem Site ginn och grouss Eventer geplangt, alles, wat no Gummi an Auspuff richt, do gëtt de Pappa an de Bopa erëm zum klenge Bouf, mat groussen Aen.
De leschte Saz vum Reporter am Journal war, dass d‘Promoteuren hoffen (d’Kiischt um Kuch!), dass de schnellen Tram och nach direkt hei virun der Dier vum „GridX“hale sollt … firwat? Wie well da scho mat engem ëmweltfrëndlechen, ëffentlechen Transport fueren, wann et drëm geet ze weisen, wat een huet a wourop ee stolz ass … säin Auto!
Alain Kayser,
Bereldange