«A propos de la guerre en Ukraine»
Chère Romaine, tu proposes, pour arrêter le carnage et prévenir la famine, d’encourager l’Ukraine à céder des terres de la Russie. Tu laisses ouvertes les questions: Quid de cette population? Quid du parc industriel? C’est ici que j’enchaîne. Les indigènes ont connu, vécu, apprécié, tolérance et liberté. Ils resteront attachés à ces idéaux. L’impact économique des industries, sans doute jusqu’à présent partagé par les belligérants actuels, ne devrait pas changer. La partie bâtie de Mariupol, devenue ville-fantôme, se prêterait à une cession. Pas de problème pour la Russie de la repeupler! Quant à ses industries et son port, des accords pourraient être trouvés, prévoyant des servitudes de passage nécessaires à l’économie de l’Ukraine. Le rapt de la Krim par la Russie n’a jamais été accepté par la Communauté internationale. Poutine ne peut plus se féliciter de l’avoir soumise. Mon idée naissante et encore rudimentaire serait d’échanger la Krim contre Mariupol. Plus besoin alors de ce couloir d’accès par terre à la Krim. Ce coin de terre reviendrait ukrainien, ou encore, pays neutre, tel notre Grand-Duché en 1867 (accords de Londres). Tu as entamé une belle discussion. J’espère que d’autres, plus avertis, la saisiront.
Roland Bernard,
Knaphoscheid
Ceci est une réaction à la lettre «A propos de la guerre en Ukraine» paru le 4. juin 2022.
Den Här Bertemes ass also der Meenung, d’USA wäre schold drun, datt Russland d’Ukrain iwwerfall huet. De russesche Bier wär „rasend vor Wut“aus senger Hiel gezu ginn. An dat wär vun den USA an d’Wee geleet ginn, well d’Amerikaner eng gutt Zesummenaarbecht tëschent Russland an Däitschland verhënnere wëllen.
Déi Theorie ass sou abstrus, datt se eigentlech keng Replik wäert ass. An dach: Dat wat sech de Moment an der Ukrain ofspillt, ass ze ongeheierlech, datt een dat sou stoe loosse kann.
De Putin ass kee rosene Bier, dee gereizt ginn ass, mee en Despot, deen seng politesch Géigner systematesch liquidéiert an dee vum KGB-Agent zum gréisstewansinnegen Autokrat mutéiert ass. Dee vum groussrussesche Räich dreemt an duerfir déi fréier Sowjetrepublicken eng no där anerer schlécke wëll.
Déi zweet Ursaach fir säi mäerdereschen Iwwerfall op d’Ukrain ass, datt déi demokratesch Beweegung, mat Hëllef vun deene moderne Medien, senger Kleptokratie ëmmer méi no op de Pelz réckelt, wéi mer et an der Ukrain an am Belarus gesinn hunn.
Et geet hei ëm vill méi wéi d’Erhalung vun der ukrainescher Souveränitéit. Et geet ëm de Respekt virum internationale Vëlkerrecht, ëm d’Verdeedegung vun deem, wat eis helleg ass: Déi fräiheetlech-demokratesch Kultur, déi vun eise Virfahre mat vill Engagement an Afferbereetschaft erkämpft ginn ass, Meenungsfräiheet, Rechtsstaatlechkeet, fräi a geheim Walen, Fräiheet vun de Medien, Bekämpfung
vu Muechtmëssbrauch a Korruptioun.
Hei stinn sech zwou Welten diametral géigeniwwer, an et ass keng Selbstverständlechkeet, datt d’Demokratie gewënnt. Well den diktatoresche System sech u keng
Reegelen ze hale brauch an all interne Widdersproch am Keim erstéckt.
Wat am Lieserbréif vum Här Bertemes besonnesch stéiert, dat ass säin Zitat vum Prof. Paul Christy, datt et keng Roll géif spillen, ob d’Ukrain eng Unitéit op der Weltkaart géif bleiwen oder net. Genee dat ass awer de Punkt. Wëlle mir akzeptéieren, datt grouss a mächteg Staaten d’Grenze verréckele wéi si et fir gutt fannen oder zielt de Respekt virum internationale Recht? Sinn all déi Lëtzebuerger, déi am zweete Weltkrich fir Fräiheet an Onofhängegkeet gekämpft hunn, ëmsoss gestuerwen, well et net wichteg war, ob Lëtzebuerg op der Landkaart bleiwe géif oder net? Ongeheierlech!
Gewëss, d’amerikanesch Geschicht ass räich u vëlkerrechtleche Verletzungen, déi ee schaarf kritiséiere muss, virun allem den Irak-Krich fir deen den Ex-President Bush jr sech viru Geriicht veräntwerte misst. Mee den USA virzewerfen, si wäre Schold um verbriecheresche russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, dat ass Perversioun vun den Tatsaachen an Ignoranz vun den internationale Spillreegelen, déi fir jiddweree gëllen. Roby Mehlen,
Manternach
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Cui bono, Ukraine?“vum 15. Juni 2022.