D’Kraaft vun der Sprooch
Sprooch präägt eist Denken a formt domat Iddien, déi an enger Gesellschaft vertruede sinn. Verfollegt een déi rezent Diskussiounen ëm d’ausserschoulesch Betreiung, notamment d’Maison Relais, ginn eng Réi vu Wieder oft benotzt. Termë wie „versuergen“, „gratis“a „profitéieren“klenge mat engem batteren Nogeschmaach no.
Ëmmerhi ginn déi Wieder am Kontext vun nonformeller Bildung genotzt, wou Kanner net „versuergt“oder op se „opgepasst gëtt“, mee wou Enseignantë an Educateuren e pedagogescht Konzept ausgeschafft hunn. D’Wuelbefannen an d’perséinlech Entwécklung vun de Kanner stinn hei am Mëttelpunkt. Haaptzil vun nonformeller Bildung ass eng pragmatesch Alldags Kompetenz opzebauen andeems d’Welt erfuerscht an entdeckt gëtt souwéi gesellschaftlech Wäerter reflektéiert ginn. Fir dëst ze erméiglechen, sollen d’Léier Ëmfeld, d’sozial a kulturell Interesse souwéi d’Autonomie vun de Kanner mat afléissen. An deem Kontext vu „versuergen“ze schwätze gëtt dem ganze Konstrukt an Zilsetzungen u pedagogeschen Handlungen net gerecht an devaloriséiert se.
En aneren Term, de rezent ëmmer rëm benotzt gëtt ass „gratis“. Eng Maison Relais ass eng gesellschaftlech souwéi ekonomesch Noutwendegkeet. E groussen Deel vun der Populatioun kéint hiren Alldag ouni Maison Relais net gestalten an hirem Beruff net nokommen. Dobäi kënnt, dass betount gëtt, dass elo vill Elteren dovu „profitéieren“dass hier Kanner kënne gratis an der Maison Relais iessen. Wann een awer op en Service, dee vum Staat offréiert gëtt, zréck gräift, ass déi Terminologie
sécherlech net passend a virun allem pejorativ konnotéiert. Dobäi kënnt, dass ouni dëst „gratis“Mëttegiessen, eng Rei Kanner näischt Waarmes, wann iwwerhaapt eppes z’iesse géinge kréien.
Ech muss mir och d’Fro stellen, wisou am ëffentlechen Diskurs grad esou Wieder benotzt ginn, wann et ëm Kannerbetreiung geet, déi net nëmme systemrelevant mee och fir d’Kanner vun enorme Wäert ass. Studie weisen, dass Kanner aner Kanner brauche fir sech wieder ze entwéckelen an sech Kompetenzen un ze eegenen. Kanner a Jugendlecher si kulturell a sozial Wiesen, déi an Interaktiounsprozesser mat a vun anere Kanner léieren. Peer Groups sinn an der Wéiderentwecklung grad esou wichteg wéi Erwuessener, well si hier individuell Ressourcen a kulturell Identitéite matbréngen.
Mat der Sprooch kënne mer d‘Liewen net nëmme beschreiwen, mee esouguer veränneren an aktiv formen. Sie dréckt och en Deel vun eiser Perséinlechkeet aus. Sproocheforscher sinn sech eens, dass dat wat mer wouer huelen, un wat mer eis erënneren a wat mer denke vun der Sprooch geformt gëtt. An deem Kontext, wär et sënnvoll de Sproochgebrauch am ëffentlechen Diskurs an an der Politik zum Thema Kannerbetreiung ze iwwerdenken. Michèle Senninger,
Réimech