„Ech iesse gär Kaviar“
Och a Frankräich gëtt Lëtzebuergesch geléiert – op Besuch an enger Schoul am Dräilännereck
Kiisch ass e kléngt Duerf am Siircker Hannerland, wou geschichtlech gesinn ëmmer Lëtzebuergesch geschwat gouf. Nom leschte Krich ass dunn awer alles, wat net franséisch war, ënnerdréckt ginn an domat och de „Platt“, wéi d'Sprooch hei genannt gëtt. No laangen Diskussiounen ass 2005 dann endlech deen éischte Vollzäitproff fir Lëtzebuergesch unerkannt ginn – an haut ass d‘Laurence Adamy Léierin fir Lëtzebuergesch an deelt sech hir Wochestonne op en etlech Schoulen am Dräilännereck op.
Den éischten Androck, wann een an d’Schoul zu Kiisch op Besuch geet, ass op jiddwer Fall ongewinnt fir Lëtzebuerger Aen. Op engem zimmlech onscheinbaren Haus hänkt de franséische Fändel an un der Fassade steet riets nieft der Dir „Mairie“a lénks dervun „Ecole“. A wann een era geet, ass tatsächlech riets d’Receptioun vun der Märei a lénks dervun ass d’Schoul.
An den zwee Klassesäll ginn d’Kanner aus dem „CM“ënnerriicht. Den „CM“steet fir „cycle moyen“an entsprécht eisem Cycle 3, also fir Kanner tëschent néng an eelef Joer. Di ronn 20 Kanner kommen aus dräi Gemengen, déi sech di verschidden Cyclen opdeelen. Nieft Kiisch sinn dat Réischtroff a Montlech. Wien elo e bësse Schwieregkeeten huet, fir déi Nimm op der Landkaart erëm ze fannen, dee muss no den offizielle, franséische Bezeechnunge sichen: Kirsch-lès-Sierck, Rustroff a Montenach.
„Ech iesse gär Kaviar“
Op dem Léierprogramm stinn haut, um Dag vun der Visite vum „Luxemburger Wort“, Verben, mat deene solle kléng Sätz gebilt ginn. Erstaunlech fir Zéngjäreger war sou munch Äntwert bei de Beispillsätz mat „Ech iesse gär...“. Do koumen dann esou Saache wéi Sushi,
Kaviar oder Saumon an eréischt wéi d’Léierin déi drëtte Kéier d’Ronn vun de Schüler gemaach huet, huet een de Fanger ausgestreckt a gemengt: „Ech iesse gär Fritten.“
Dobäi stellt sech eraus, datt et bei deene meeschte Kanner mat dem Schreiwe besser klappt wéi mat dem Schwätzen. Vereenzelter sinn duerfir am Schwätzen deene aneren e Stéck viraus. D’Laurence Adamy huet dofir och eng Erklärung: „Bei verschiddene Kanner ginn et nach Grousselteren, déi Lëtzebuergesch kënnen an et mat hiren Enkele schwätzen. Dat mierkt een direkt.”
D'Laurence Adamy ass mat Häerz a Séil bei der Saach.
Och eng Ronn spontaant Rechnen ass eng schwéier Übung, wéi ee mierkt. Ouni Virbereedung 16 an dräi zesummen ze rechnen an dann och nach richteg op Lëtzebuergesch ze soen, do kann ee schonn duerchernee kommen. War dat elo „nonzéng“oder „nonzeg“?
Op Besuch zu Rëmerschen
Fir ze kucken, wéi dat dann elo an der Praxis fonctionéiert, wat se all déi Jore geléiert hunn, steet Enn des Mounts e Besuch an enger Klass an der Schoul zu Rëmerschen um Programm. Dozou d’Laurence Adamy: „Et ass wichteg, datt d’Kanner sech kenne léieren. Se wunnen sou no beieneen a se kennen sech net. Ausser Tanke goen a séier nees heem, wëssen se näischt vu Lëtzebuerg.”
Op jiddwer Fall gëtt fir de Moment kräfteg geüübt, fir Lidder op Lëtzebuergesch ze sangen. An dat sinn net egal wat fir Lidder. Déi hu virun e puer Joer aner Schüler sech ausgeduecht a mat professionelle Museker opgeholl an eng CD dovun gemaach. D’Lidder vun där CD ginn elo fläisseg widderholl, fir datt se och gutt kléngen. Vläicht léieren di Rëmerschener Kanner da Lidder, déi si net kennen.
Den Ënnerscheed wat se kënnen, ass tëschent de verschiddene Kanner grouss. „Di eng wunnen hei vu Klengem un, an anerer zéien eréischt méi spéit heihin. A mir léiere Lëtzebuergesch och nach net säit sou laang vun der Spillschoul un“, erkläert d’Laurence Adamy. An dann ass do nach eppes, wat eventuell eng Roll spillt. „Verschidden Eltere fannen dat gutt, datt hir Kanner Lëtzebuergesch léieren, mee dann huet een och anerer, déi soen, et wär besser, se sollen Englesch léieren“, seet di engagéiert Léierin.
Eng weider Schwieregkeet ass déi, datt et kee richtege Cours gëtt. „All dat Material, mat deem ech mat de Kanner schaffen, hunn ech mer an all de Jore selwer zesumme gesat. Wat wierklech géif hëllefen, dat wär fir kënnen zu Lëtzebuerg eng richteg Formatioun ze kréien“, ënnersträicht se hire Wonsch.
Bei verschiddene Kanner ginn et nach Grousselteren, déi mat hiren Enkele Lëtzebuergesch schwätzen. Laurence Adamy, Léierin