Verdäiwelung vum Auto
Här Kayser, an Ärem Bréif bezeechent Dir den Auto als gréisste Feeler vun der industrieller Zäit! Ech denken Dir vergiesst dass den Auto de Leit et erméiglecht huet se reesen an nei Länner ze entdecken. Doduerch koum e groussen Opschwong am Tourismus an d’Länner sinn sech méi no komm. Desweidere fanne bis haut Millioune Leit eng Beschäftegung an der Autosindustrie. Dir wiedert géint Luxuskarossen, Autoe fir Angeber ... Héieren ech do am Hannergrond Näid? Wann et Leit gëtt, déi an dëse schwéieren Zäiten de Courage hu fir Milliounen ze investéieren, da muss een net dogéint stänkeren. Duerch dëse Projet ass eist Land net a Gefor. Fir dat ech net falsch verstane ginn, ech hunn näischt mat der Autosindustrie ze dinn a fuere säit dësem Joer en E-Auto.
Fernand Junck,
Moutfort
Dëst ass eng Äntwert op de Lieserbréif “Mat Vollgas an de Weltënnergang“vum 15. Juni 2022.