Ensemble vocal Sainte Cécile Éinen
Den Ensemble vocal Sainte Cécile Éinen féiert a solistescher Besetzung d’Traditioun vun der Chorale Ste Cécile Ehnen weider, déi 1852 als eelsten Duerfveräin gegrënnt gouf.
D‘Sänger setzen sech fir de Musel-Repertoire an, z. B. mat hirer CD „Léiderschall am Museldall“, si organiséiere klassesch Concerten doheem an am Ausland a sangen säit e puer Joren d’Radiosmass an der ronner Kierch vun Éinen.
Dëst Joer widmen se d’Tëleesmass dem Undenken vun hirem den 23. Mee 2022 verstuerwenen Comitees-Member Camille Hein.