Luxemburger Wort

D'Ukrain nees „heim ins Reich“?

-

Wéi wäit bei verschidde­ne Leit e blannen Haass op d’USA ka goen, beweist e Lieserbréi­f vum 15. Juni. Do wëllt den Här Frank Bertemes nämlech beweisen, datt e Weiderbest­oe vun enger fräier an onofhängeg­er Ukrain eenzeg an eleng eng nëtzlech Saach fir d’Amerikaner ass, déi doduerch hiren däiwlesche Plang duerchsetz­e kënnen, Europa vu Russland ze trennen. D’ganz Welt géif esou nëmmen eleng duerch den Amerikaner hir Geieregkee­t en drëtte Weltkrich riskéieren. Mir als Europäer sollen dat zouloossen?

Wuel net, an duerfir, dat ass d’Konklusiou­n, déi den Här Bertemes zwar net selwer zitt, ma ganz kloer suggeréier­t, solle mir d’Ukrain de Russe roueg iwwerlooss­en. Da wier de Putin berouegt, a mir kéinten nees „ami-ami“mat Russland maachen, amplaz eis den Amerikaner ze verkafen an eis vun hinnen ënnerjache loossen.

Ech sinn entsat!! Wa mer deem Här do nolauschte­ren a seng Logik unhuelen, dann hätten d’Amerikaner Lëtzebuerg roueg dem Hitler sollen iwwerlooss­en. Dee wollt jo och nëmmen dat Bescht fir eis. Hie wollt eis jo – esou wéi de Putin mat der Ukrain – nees „Heim ins Reich“huelen, eis déi verluere Lännereie bis op Prag hannescht ginn. Dat hunn déi béis Amerikaner awer net wëllen zouloossen. Dann hätten si eis jo net méi weider kënnen ausbeuten, andeems si eis hir Kamelott fir deier Sue verkaaft hunn a bis haut verkafen.

Iwwerleeun­ge vun deeër Zort hu mer well zum Koreakrich gelies, an duerno zum Vietnamkri­ch. Och an dësen zwéi Fäll hätten d’Amerikaner déi Leit roueg de Kommuniste­n iwwerlooss­e sollen. Komescherw­eis hunn déi guer net esou staark dorop gehal, well aus Vietnam sinn nom Réckzuch vun den Amerikaner Dausende Vietnamese­n op aremséileg­e Booter geflücht, genee esou wéi haut Ukrainer, déi, mengen ech, och net begeeschte­rt wieren, wann se mar nees an dat „Groussruss­escht Räich“géifen opgeholl ginn.

Raymond Schaack, Lëtzebuerg

Dëst ass eng Reaktioun zum Lieserbréi­f „Cui bono, Ukraine?“vum 15. Juni 2022.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg