Mussen éis Kanskanner spiderhinn an Zelter wuanen?
D‘Runkenelle ginn äm ous, wann ä kuckt, wat d‘Préisser fir Houszens an en eege Wuaning, vuan ëm eegenen Hous gor net ze schwätzen, wie Rakéiten an d‘Luucht schéissen. Viruan 30 Jor heeten d‘Préisser vuam Staat per Gesetz misse gedékelt gänn! Awer nä, mir ho jo fréi Moortwirtschaft, do muss jiddferän ebe selwer struawelen, wann än zu eppes wöllt kommen. Wu kiime mer dann hin wann de Staat sich och nooch drëm misst kömmeren, dat all sein Biérger en Daach iwwer dem Koop honn.
2014 honn den X. Bettel an d‘Madamm M. Nagel, dämols Bouteministerin, uagekennigt dat bis 2023 10 000 nei erschwinglich Wuaninge giife gebaut gänn. Ma wärig, knapps 2 500-3 000 waren et der fierdig. SNHBM wollt bis 2026 4 420 sozial préislich gönstig Wuaningen opriichten, dat war puur Utopie.
An dann ho mer jo nooch déi vill Leit, wu et mat zwee Paye well grenzwertig ass, iwwert d´Ronnen ze kommen, an dat ass ënner aller Klarinett! Dat mir hei an éisem réiche Lëtzeburig vill Awuaner honn, déi vill schaffen an awer net met den Eener béienee kommen, well Leit gëtt déi 40 bis 50 Prozent vuan hirem Verdéinst musse fir Houszens ousgän.
An da gëtt et ganz réich Ousleener, déi hei Wuaninge kaafe fir hiirt villt Geld ze investieren an ni dra wuanen an esugor eidel stoo loossen! An deene leezten zéng Jor honn d‘Préisserich verduebelt, d‘Gemänen se mem PAP am Ree stoe geloss gänn. Déi könne jo kucken, wu se Bouplaatze fir hir Biirger härkrein! An wa mol terrain do wier, da kommen déi Gréin a son, ah nä do ass zone verte, do durf net gebaut gänn! Mir konnten äm vuan éise Bouwen e Bouplatz iwwerschreiwen, soss heet hänn ni gebaut. Bannendra guf den Uastrach, verspachtelen, de Buedem am Garage selwer mat Plättercher ousgeloocht ... Lo ho mir nooch mii ä klä Bouplaatz hannert éisem Hous, déi wir knapps gruss genouch fir éisen aanere Bouf. Du kumme Leit vuam Environnement e Kéier kucken, well Kalchesbaach no vill a laangem Reen iwwerläft, bis haut hot känn e Liisung broocht. Wi méi Mann du gefroot hot, fir eventuell 6-7 Meter bèi ze kreien, fir dat éise Bouw do bësse mii Plaatz heet, guf direkt dogint gehalen, dat wir zone verte an dat kim goor net an Fro.
Elo wohnt éise Bouw dann noch ömmer am „Hotel Mama“, well mat seiner kläner Pei kann hän kän Houszens bezualen an och noch liäwen. Awer d‘Herrschaften om Kroutmoort interessiert dat klänt Vollek net wiirklich méi, wa sie bis do setzen, gäht et hinne jo ganz goud an „aprüs nous le déluge“! Claudine Meyer-Grober,
Veinen