Eng Steierklass fir eis all?
Eng kuerz a vereinfacht Beschreiwung vu engem Steiermodell fir Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet e Steiersystem, dee vu ville Léit als ongerecht empfonnt gëtt an, an enger Rëtsch Fäll Léit op Grond vun hirer Liewenssituatioun diskriminéiert. E Steiersystem, dee vu ville vun eise Matmënsche schlecht oder guer net verstane gëtt.
Als ee Beispill vu ville kann een hei uféieren, datt vill Léit der Meenung sinn, eng Rent däerft net besteiert ginn, wëll se jo scho fréier op hire Paien déi Steiere bezuelt hätten, vergiessen awer dobäi, datt hir Rentebeiträg ëmmer vum Bruttoloun ofgezu gi sinn, fir op de besteierbaren Nettoloun ze kommen. An si also nach ni virdrun op hire Rentebeiträg besteiert gi sinn.
Onwëssenheet a Mëssverständnes sinn dann och oft Grënn, firwat béi ville Steiererklärunge guer net u méiglech Ofsetzunge geduecht gëtt.
Eist Land brauch kee komplizéiert Puersteierklassesystem, bei dem esou guer geléiert Deputéiert an der Chamber beim séiere Vir-a
Norechne vu méiglechen Upassungen sech verrechnen.
Wat mir brauchen, ass eng eenzeg progressiv an indexgebonne Steiertabell, no der jiddereen op Grond vun der Héicht vu sengem besteierbaren Akommes säin Deel zu eisem Zesummeliewe bäidréit.
Am beschte Fall sollt des Steiertabell eréischt iwwert dem Montant
vum Mindestloun ufänken a wat de Montant méi grouss gëtt, sollt de Steiersaz prozentual och méi héich ginn, ganz nom Motto: Dee Staarken hëlleft dem Schwaachen.
All zousätzlech Erliichterunge kéinten zum gréissten Deel iwwer festgeluechte Steierkreditter (z.B. pro Kand) direkt all Mount verrechent ginn an domat der Biergerin oder dem Bierger direkt zur Verfügung stoen.
Bei ville Stéit géif dat finanziell belaaschtend Spill mat den Avancen (direkt ze bezuelen) a Réckerstattung no Steiererklärung an Ofrechnung (no e puer Méint, wa net méi laang) ewechfalen, an d’Steierbüroen hätte méi Zäit, fir sech op déi méi komplizéiert Dossiere vun deene sougenannte breeden a ganz breede Schëlleren ze konzentréieren.
Déi néi an eenzeg Steiertabell misst indexgebonne sinn, fir ze verhënneren, datt dat, wat een de Leit mat der enger Hand gëtt (den Index) net erëm direkt vun der aner Hand (Steiertabell) ewech geholl gëtt.
Dëst ass eng kuerz a vereinfacht Beschreiwung vun engem Steiermodell, deen ech mir géif (an ech mengen, ech si net den eenzegen) fir Lëtzebuerg wënschen. Pascal Clement,
Luxembourg