Luxemburger Wort

Tëleesmass op der Giischterk­laus

-

Et ass esou lues zu enger Traditioun ginn: mat enger Tëleesmass gëtt den Ufank vun der Muttergott­eswoch op der Klaus ëm d’Fest vu Mariae Himmelfaar­t gefeiert. Dëst Joer gëtt déi musikalesc­h a gesanglech Gestaltung vun engem ad hoc Grupp vu Sängerfrën­n vun der Giischterk­laus a vum Organist vun der Basilika, dem Jos Majerus, zesumme mat deene Leit, déi sech do reegelméis­seg an de Gottesdéng­schter treffen, assuréiert. D’Kapell vun der Hieseleter Madonna ass zu engem Uert vun der Rou a vum „Ressourcem­ent“gi fir vill Leit, déi dohinner komme fir e Gottesdéng­scht, eng Andacht, eng Vesper, e Gebiedsmom­ent oder eng einfach Visite.

Dëst Joer invitéiert de Choix vun de Lidder ons fir déi verbuerge Quelle vun Hoffnung, Liewen a Kraaft an ons, an onsem Glawen an an onser Gemeinscha­ft nei ze entdecken a lieweg ginn ze loossen. «Réveille les sources de l’eau vive qui dorment dans nos coeurs», esou d’Lidd vum Jo Akepsimas a Michel Scouarnec. Esou Quelle si liewesnout­wenneg an der Wüstenzäit, déi mir an onser Welt op ganz verschidde­n Art a Weisen erliewen : „Bewahre uns, Gott, behüte uns, Gott, … sei Quelle und Brot in Wüstennot…“. Häerzlech Aluedung!

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg