Robert Koch (1944-2022)
A Portrait of the Teacher as a Young Man
De Robert Koch war en aussergewéinleche Mënsch an e geniale Prof. Ee vun eise Beschten.
Ech (Pol) hunn de Rob am September 1957 am Kolléisch kenne geléiert. Mir souzen op VIe zoufälleg niefteneen. Op där Schoulbänk ass eng Frëndschaft fir d’Liewen entstan.
Mir hunn net nëmmen hir respektiv Fächer, mee virun allem eis Proffe selwer studéiert: de Rönö, de Radio an de Mim, de Läpp, de Laangen an de Lunti; de Stukka, de Josy an de Gusti; den Hipp, de Fouss an de Säunéckel. Deen deeglechen Défilé vu ganz verschiddene Perséinlechkeeten a kuriéisen Unikumen war eng Zort „comédie humaine“à la Balzac, e live-Spektakel, dee keen Home-schooling ersetze kann.
Op IIIe hunn eis Weeër sech getrennt. De Rob huet sech fir Philo a Literatur entscheed. Ech hu Mathé a Sciences exactes virgezunn.
Mee vun A op B ass et jo nëmmen e Kazespronk, an et gëtt bekanntlech am Enseignement vill Pausen a laang Vakanzen: Fräizäit genuch, fir d’Aula vum Kolléisch erëm an en Theatersall ze verwandelen, fir éischt Filmer ze dréinen, a fir Castingen z’organiséieren: e Pretext, fir un d’Meedercher erun ze kommen, déi virun der Co-éducatioun a sougenannte Nonnebunkeren agespaart waren.
Der Rei no koumen zur Opféierung : De Professer ass presséiert (L. Koenig; Professer: Pol, séng Fra: Rob, Regi: keng), De Pinselmuppi (R. Manderscheid, no Spoerl; Kommissär: Pol, séng Fra: Rob, Regi: keng, Invité d’honneur: de Rosch).
Am Ufank waren de Rob an ech en 2-Mann Betrib, mee d’Ambitiounen an de Culot si mam Succès gewuess. Mir hunn eis mat onverschimmter Hybris un de FAUST ginn: Faust – Prolog im Himmel (J.W., ouni Faust a Gretchen; Mephisto: Pol, Gott: Pitt Puth, Regi: Rob). De Klassiker huet gefloppt.
De Rob huet d’Zeeche vun der Zäit erkannt: d’Zukunft louch am Kino. Hien huet en Numm gesicht fir eis nei Produktiounsfirma : Atlantic Film Organisation. „Universal“war scho verginn, an de Label konnt net grouss genuch sinn. Izeg war ni méi no bei Hollywood.
Mir hunn en Hörspiel vum H. Böll verfilmt: Klopfzeichen (AFO 8 mm; Mann: Raym, Priester: Rob, Regi: Pol). Mir ware jonk. Alles war méiglech. An de Rob war eng stänneg Inspiratioun, e passionéierten Iwwerzeeger a Verféierer.
No engem enttäuschende Fuesbal (d’Märcheprinzessin, déi eis op Izeg gelackelt hat, war leider glat net um Rob intresséiert) huet hie mir vu Mëtternuecht bis moies um 6 zweemol hannereneen Rheingold virgespillt a kommentéiert. Ech sinn haut nach Wagner-Fan.
Op der Uni huet de Rob vu japanesch iwer algriichesch bis Sanskrit dat studéiert, wat hien intresséiert huet, an dat war quasi alles, wat ugebuede gouf.
Zu Dikkrech am Kolléisch hu mer eis erëmgesinn. Déi al Frëndschaft an déi gemeinsam Intérêten waren direct erëm do. D’Maisy ass derbäi kom : Wahlverwandtschaften.
Déi periskolär Aktivitéiten äus der Kolléischzäit si méi sophistikéiert ginn. Et goufe grouss Tintin– an Astérix–Concoursen organiséiert. De Contrat gouf gedréint, eng total hermetesch, hannerhälteg-metaphysesch Film-Farce vun AFO-Film mat Proffe vun Dikkrech, ënnert der Regi vum Robert Koch.
De Rob war e begeeschterte Prof, an déi Begeeschterung war ustiechend. Op den ënneschte Klassen huet hien op seng onvergläichlech spannend Aart a Weis fantastesch Geschichten aus der Weltliteratur erzielt.
Hien huet seng Schüler a fiktiv
Universen (à-la-Lord-of-theRings) entfouert an op déi vill Parallelen higewisen, déi si opweises hunn mat deem, wat mir sou „Realitéit” nennen. Hien huet et fäerdeg bruecht, 14-jähreg pubertär Bouwe mat urale Parabelen oder mat rezenter Science Fiction ze faszinéiren. Hien huet hinnen usprochsvoll Texter zougemutt, oder besser: zougetraut. Um kreative Potential vun deene jonke Leit huet de Rob net gezweiwelt: You can!
Säi Wësse war beandrockend. Op deenen ënnerschiddlechste Gebitter war hien ënnerwee an doheem. Hie war mélomane a cinéphile, huet sech fir Kosmologie a fir asiatesch Meditatiouns-Techniken intresséiert, hie war den Arthur C. Clarke op Sri-Lanka besichen, hien huet mat e puer Studenten 'Musica Nova’ gegrënnt – et nous en passons.
Hie war e groussaartegen Entertainer, konnt stonnelaang mat Wierder spillen, ëmmer méi kokass, witzeg, absurd Verbindungen entdecken tëschent Gott (ëmmer an der Mehrzahl) an der Welt (toujours au pluriel).
Schued, dass de Rob sou wéineg Schrëftleches hannerlooss huet. Hie war der Meenung, alles wär gesot – a gutt gesot. Besser kéint hien et och net. Seng Selbstkritik war sou extrem wéi seng Diskretioun a seng Pudeur, wann et ëm méi schwaarz Zäiten a sengem Liewe goung. Am Géigesaz zu Facebook & Co. war hie fir eng radikal Reprivatiséirung vum Privatliewen, eng Astellung, déi mir delen a respektéieren.
Hie war en aussergewéinleche ‘passeur’ de savoir, de lumière, d’âmes. Fir hien hat Educatioun mat Séductioun ze dinn: Hie wollt seng Schüler eruféieren un dat, wat hien ‘le tout autre’ genannt huet, si derzou verféieren, sech anzeloossen op eppes Neits, Ongewinntes, Iwwerraschendes, Friemes: ouni direkte Rapport mat hirem Alldag.
Wat en challenge!
Wat e Prof!
Wat e Frënd!