Eng nei Verfassung, awer keng Wahlrechtsreform
De Wielerwëllen sollt sou genee wéi méiglech respektéiert ginn
Elo hu mer et bal gepackt! Lëtzebuerg kritt no laangem Hott an Har eng nei Verfassung a vun elo u kann et nach just biergop goen.
Mee loosse mer de Geck am Eck! Ech hunn ëmmer gemengt, an der Verfassung missten déi grondsätzlech Regelen iwwer de Fonktionnement vun engem Staat festgeschriwwe sinn. Zu de wichtegste Grondregele vun engem demokratesche Staat gehéiert de Wahlsystem. Konkret: no wat fir Reegele ginn d’Vertrieder vum Vollek gewielt a wéi gëtt de Wëlle vum Wieler am beschte respektéiert?
An där neier Verfassung bleift de bisherege System ipso facto erhalen. An domatt all déi Koppegkeeten an Ongerechtegkeeten déi domatt verbonne sinn. Dat fänkt u bei der willkürlecher Verdeelung vun de Mandater op d‘Bezierker bis zu der ongerechter Berechnungsmethod vun de Sëtzer bei de Wahlen (Method d’Hondt), déi déi manner erfollegräich Lëschte benodeelegt.
Sou misst an der neier Verfassung stoen, datt mir nom Proporz wielen an datt dobei de Prinzip vun der Proportionalitéit strikt respektéiert géif. Dat heescht, datt jiddfer Partei souvill Sëtz an der Chamber kritt wéi hiert Gesamtresultat et ausweist. Fir datt ee fir allemol deen Unfug ophéiert, datt z.B. eng Partei manner Stëmmen, awer méi Sëtzer kritt wéi eng aner. Oder ëmgekéiert. Fir eng allzegrouss Zersplitterung ze verhënneren, kënnt ee jo eng national 5%Klausel aféieren.
De Staatsminister huet d’Parteien no de leschte Wahlen opgefuerdert, hir Iddien iwwer eng Wahlrechtsreform virzeleeën. Souwäit bekannt, hunn d’Parteien dat virun dräi Jar gemaach. Zanterhier huet een näischt méi héieren. Eng Frechheet fir déi, déi sech d’Méi gemaach hunn, hir Virstellungen zu Pabeier ze bréngen! Mir wurschtele léiwer viru wéi bis elo. Keng konstitutionell Festschreiwung vun elementaren demokratesche Prinzipien. Keng Spuer vu Modernitéit a Gerechtegkeet.
Et hätt een d’Vollek am Viraus iwwer déi wichtegst Aspekter kënnen ofstëmme loossen, z.B. iwwer d’Fro vun engem oder méi Wahlbezierker, iwwer d’Méiglechkeete vum Panachage, awer besonnesch iwwer de Prinzip vun der proportional exakter Mandatsverdeelung op nationaler Basis.
Mee no der Blamage beim leschte Referendum huet wuel de Courage gefeelt fir d’Wieler nach eng Kéier ëm hir Meenung ze froen. Wéi och fir déi nei Verfassung, obschonn et virun de Wahle groussspuereg versprach gi war.
Fir der „Politikverdrossenheet“entgéint ze wierke muss e Wahlsystem sou opgebaut sinn, datt de Wielerwëllen sou genee wéi méiglech respektéiert gëtt. Déi Garantie liwwert eisen archaesche System nët! An trotzdem bleift en an eiser schéiner neier Verfassung stoen. Dat Kapitel ass de Pabeier net wäert, op deem et geschriwwen ass.
Roby Mehlen, Manternach