Den ëffentlech Transport ob Herz an Niere getest
Mat klengen Upassungen ass nach Potenzial no uewen do
An de lëschte Joren ass vill zu Lëtzebuerg an den ëffentlechen Transport investéiert ginn an dëst mat groussem Erfolleg. Projete wéi d'Gare, d'Rout Bréck, d'Gare Houwald oder den Tram sinn en immens grousse Gewënn fir den Transport.
An leschter Zäit hunn ech den ëffentlech Transport op Häerz an Niere getest an nach Baustelle fonnt. Dobäi hunn ech fir mech perséinlech nach gravéirend Mängel am Zuchverkéier fonnt, op déi ech probéiert hunn, d'CFL opmierksam ze maachen. Allerdéngs ass vu Säite vun der CFL keen Interessi u Reklamatiounen an ech soll mech mat enger Standardäntwert zefridde ginn. Dofir wenden ech mech mat mengem Lieserbréif un iech.
Ech hunn all d'Regionalverbindungen (RBen) zu Lëtzebuerg an d'A geholl, déi am 30-MinuttenTakt fueren, nodeems ech festgestallt hunn, datt vill Verbindungen net klappen. Dobäi ass mir opgefall, datt an der Stad Lëtzebuerg deelweis Emklammzäite vu maximal 34 Minutte sinn. Dir hutt richteg gelies: Emklammzäite méi grouss wéi den eigentlechen Takt. Héi ee klengt Beispill, fir et besser ze verstoen (RB5636 Munsbach 09:31 – Luxembourg 09:49 -> Waardezäit 31 Min. -> RB4710 Luxembourg 10:20 – Dippach-Reckange 10:31). Do gesäit een, datt d'Verbindungen esou schlecht getakt sinn, datt et net méiglech ass, een Uschlosszuch ze kréien. Héi ass eng Lëscht mat alle Regionalbunnen, wou d'Emklammzäit iwwert 15 Minuten ass : RB Ligne 10 -> RB Ligne 30 (30-33 min), Ligne 30 -> Ligne 50 (34 min), Ligne 30 -> Ligne 70 (31 min), Ligne 50 -> Ligne 30 (28-31 min), Ligne 50 -> Ligne 10 (28-31 min), Ligne 70 -> Ligne 30 (28-31 min). Bei 6 Regionalbunne klappt den Uschloss also net. Dëst kënnt mat klengen Upassungen am Minutteberäich ugepasst ginn.
Den Zuchverkéier gesinn ech als Basis, wou et muss klappen an alles ronderëm ass drop opgebaut. Mat de Bussen ass kee Verlooss drop säin Uschloss ze kréien, och wann de Retard an der Mobilitéitsapp berécksiichtegt gëtt. Mam Bus stoung ech schonn oft am Ländche ronderëm, well mäin Uschloss fort war. Den Tram ass fir mech och eng super Saach, wann ee wierklech an d'Stad wëll. Am Transitverkéier vu Pôle d'échange zu Pôle d'échange verléieren ech awer immens vill Zäit. Ech begréissen datt esou vill am ëffentlech Transport gemaach gëtt, mee do ass nach Potenzial mat klengen Upassungen no uewen.
Sven Fandel,
Sanem