Dekanat Lëtzebuerg: Wallfaart op Banneux
Banneux. „Viens, Marie t’appelle!“– no enger pandemiebedéngter Paus gëtt dëst Joer den 13. September nees op d’Wallfaart op Banneux invitéiert. Um 10.30 Auer feieren d’Lëtzebuerger Pilger zesumme mam Äerzbëschof JeanClaude Hollerich d’Mass an der Kierch Notre-Dame des Pauvres. Nomëttes ass d’Gebiet bei der Quell, de Kräizwee an eng Sakramentsandacht mat Seenung vun de Kranken an all Pilger. D’Dekanat Lëtzebuerg fiert mat engem Bus muerges um 8 Auer bei der Gëlle Fra an der Stad fort. Géint 19 Auer kommen d’Pilger aus dem Dekanat nees an der Stad un. Fir matzefueren, melt Iech wgl bis de 4. September un am Sekretariat vun der Por Lëtzebuerg Notre-Dame (notre-dame@cathol.lu oder 222 97 01). D’Käschte fir d’Rees mam Bus an de Mëttesmenue si 50 Euro. C.