Luxemburger Wort

Luxemburge­nsia fir Kanner

-

Lëtzebuerg. Een ass méi béis wéi deen aneren: En Troll, eng Hex an e Geescht probéieren am neie Kannerbuch „Déi dräi Béis“e Meedche fäerten ze dinn. Well déi dräi sech awer driwwer streiden, wien vun hinnen, dann elo de Béisten ass, fuerdert eng kleng wäiss Maus si eraus: „Wie packt et, dem Meedche säi blo getëppelt Schnappech ze schuppen?“Mee sou einfach ass dat net, well d’Meedche bitt hinnen d’Stier. Dorëms dréit et sech an dem bei den éditions guy binsfeld publizéier­te Buch. Iwwersat gouf et aus dem Engleschen (Original: „The Baddies“vum Julia Donaldson an Axel Scheffler) vum Martine Schoellen. Si huet fir de Verlag schonn eng Rei internatio­nal erfollegrä­ich Kannerbich­er iwwersat, dorënner och „De Grüffelo“. C./nos

D’Buch ass ab dem 1. September am OnlineShop vun den éditions guy binsfeld an an de Librairien ze kréien.

www.editionsgu­ybinsfeld.lu

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg