Diddeleng-Lëtzebuerg: Merci CFL
No Joerzéngte laange Fuerderungen hu mer se endlech, eng Direktzuchverbindung all hallef Stonn tëschent Diddeleng, der véiertgréisster Stad vum Land, a Lëtzebuerg. Duerfir villmools Merci, CFL! Schluss mat dem lästegen a beschwéierlechen Ëmsteigen zu Beetebuerg (Trap erof, Ënnerféierung, Trap erop, kënnt dann elo meng Verbindung och?). Hei nach en Tuyau, elo kéint och déi bal ni benotzte Passerelle um Quai (well zweehonnert-zwanzeg Schrëtt vum Arrêt ewech) méi sënnvoll anzwuersch anescht opgeriicht ginn. Robert Mangers (79),
Diddeleng