Luxemburger Wort

Gemeng Sëll: Radaren a keen Enn!

-

Déi lescht Zäit maachen an der Gemeng Sëll e puer sougenannt­e Radaristen op sech opmierksam, andeem se un d'Gemeng eru getrueden si fir an eiser Gemeng souguer e puer Radaren opzestelle­n, zum Beispill och nach ee Streckerad­ar (1,7 Millioun) tëschent Sëll a Räichel an dat op enger Streck wou sech zënter 35 Joer mol net de klengsten Accident zougedroen huet, ausser engem Tëschefall wou een Auto ee fräilafend Päerd ugestouss huet wat awer näischt mat iwwerdriww­ener Vitess ze doen hat! Ech froe mech dann awer och wou déi Radaristen hier Argumenter, dass onheemlech gerannt géif ginn, siche ginn. Et huet bestëmmt nach kee sech mat engem Handradar ausgerësch­t fir op de Streck Vitess moossen ze kënnen

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg