Méi Biergerbedeelegung: Auswee aus der Politikmiddegkeet?
D'Politik kéint en Deel vun hirer Glafwierdegkeet beim Vollek erëm fannen
Firwat soll ech nach wiele goen , déi maachen dach wat se wëllen... Mir gi jo dach net gefrot ... Et ännert sech souwisou näischt ... dëst oder esou Änleches kritt ee séier ze héiere wann d’Sprooch op politesch Theme kënnt.
Bei deene bis elo seelene Geleeënheete wou d’Regierung sech da getraut huet seng Biergerinnen a Bierger ze froen, waren dat meeschtens Jo/Nee Froen.
Natierlech kann d‘Regierung da soe mir hunn Iech Jo gefrot an dir huet kënnen ofstëmmen. Allerdéngs sinn dobäi Thematik a Problematik ni wierklech mat der Bevëlkerung gläichberechtegt diskutéiert ginn. Resultat: siehe oben!
Wien wonnert et dann nach, wann kleng Protestgruppéierunge mat einfachen a radikalen Aussoen ëmmer méi d’Iwwerhand kréien an de néidege politeschen Dialog (a Konsens) ëmmer manner Plaz an eiser Gesellschaft fënnt. Den an enger moderner Gesellschaft batter néidege Matenee geet esou ëmmer méi duerch Desintressen, Egoismus an am schlëmmste Fall Radikalismus ersat.
Déi sëlleg Petitiounen deiten awer drop hin, dat et trotzdeem, op mannst bei enger Rëtsch Léit, net un Asaz an Energie feelt fir eppes wëllen ze veränneren. Sie wëllen also matschwätzen a politesch aktiv ginn. Wann dann awer déi néideg Stëmmen (an domat den Erfolleg vun der Petitioun) ausbleiwen, kënnt et leider oft erëm zu Politikmiddegkeet an dem Gefill dat ee Jo souwisou näischt ännere kann.
Eng richteg Biergerbedeelegung kéint vun der Energie am Wëllen deen do ass profitéiere fir de Mateneen an eiser Gesellschaft ze verbesseren.
Dofir missten d’Regierung an d’Chamber de Courage hunn hir Meenung iwwert wat d'Vollek wëllt op de Leescht ze huelen. Si sollten am direkte Kontakt mat interesséierte Biergerinnen a Bierger dës Meenung iwwerdenken an, wann néideg, änneren.
Reegelméisseg a gläichberechtegt Aarbechtsgruppe missten agesat ginn.
Am interaktiven an transparenten Dialog mat Politiker, Experten a Biergerinnen a Bierger sollte gemeinsam Virschléi ausgeschafft ginn an dann duerch d'Politik ëmgesat ginn.
Op déi Manéier géif de Matenee gefërdert ginn an d'Politik en Deel vun hirer Glafwierdegkeet beim Vollek erëm fannen.
Sécherlech géifen déi esou zesummen decidéiert Verännerungen och éischter acceptéiert ginn.
Éischt Versich am Ausland weisen dat dës Virgoensweis duerchaus Erfolleg huet.
Et brauch elo just nach de politesche Wëlle fir esou eng Biergerbedeelegung anzeféieren.
Pascal Clement, Stad Lëtzebuerg an et huet och nach kee sech d'Méi gemaach fir sech eemol am Agang vu Sëll e puer Stonne virum Radarschëllt ze stellen an opzeschreiwe wéi vill Automobiliste mat méi ewéi 50 km/h an d'Uertschaft era fueren. Oh bee, ech hu mech vun 9 Auer bis 12 Auer virun déi zwee Radarschëllter positionéiert an opgeschriwwe wéi vill Automobiliste mat iwwerdriwwener Vitess a Sëll erfueren. Resultat vun dëser Aktioun war Folgendes: Agang Räichel/Sëll sechs Automobilisten hate rout Zuelen um Schëld awer keen eenzegen iwwer 55 km/h, vu Miersch op Sëll sechs Mol rout bis 55 km/h an dräi iwwer 55-60 km/h awer all mam Fouss op der Brems wat hir Stoppluuchte bewisen hunn. Elo stellen ech mer d'Fro op mir hei zu Sëll an op Räichel zou wierklech ee Radar oder och nach ee Streckeradar brauchen. Dir léif Radaristen, wann der wierklech wëllt opfalen da bréngt beweisbar Argumenter an net einfach esou mol aus der Loft getraffen Argumenter an stellt iech emol ewéi ech, sechs Stonnen an déi zwéin Agäng vu Sëll a kontrolléiert selwer a wann et dann zoutrëfft da probéiere mir fir d'éischt aner Moossnamen ewéi zum Beispill Erhéijungen ... Ee Radar soll ëmmer déi lescht Optioun bleiwen! Eugène Hilgert,
Saeul