Luucht aus, jo mee net ganz!
Lampadairen mat enger App steieren
Elo wou et net méi a Fro kënnt fir Energie ze verbëtzelen, gesäit wuel jiddereen an, datt et hirmiddeg ass d’Stroosseluuchten di ganz Nuecht brennen ze loossen. Mee se ganz ausmaache mécht och kee Sënn, well bis elo gouf et jo ee gudde Grond fir dat net ze maachen, an zwar d’Sécherheet vun deenen déi nuets ënnerwee sinn.
Abee, wéi wär et dann heimat: Mir schalten d’Stroosseluuchten um 23 Auer aus, an ee gescheite Kapp schreift ons eng App mat där een déi Lampadairen umécht, dee um Wee fir Heem (oder eng aner Destinatioun) leien. De Smartphone kennt jo d’Heemaddress a per GPS di aktuell Positioun, esou wéi och d’Vitesse mat där een sech beweegt. Domat kann hien déi Stécker Strooss bestëmme wou d’Luuchte sollen ugemaach ginn a fir wéi laang.
Dat kascht natierlech ee bestëmmten Opwand fir di eenzel Serië vu Lampadaire separat ze schalten, mee och d’Eoliennen an d’Photovoltaik brauche bis zu aacht oder méi Jore bis dee ganzen Investment duerch d’Erspuernesser amortiséiert ass.
Op den Autobunne geet et wuel duer wann no 23 Auer nëmmen all zweete Lampadaire liicht, d’Tunnelle mussen natierlech duerchgoend beliicht sinn.
Wéi ass et, dir Häre Ministere Bausch an Turmes, kréie mer dat hin?
Marc Hilger, Schieren