Stroossenmaart Lëtzebuerger Produkter zu Medernach Sonndeg, de 4. September 2022
33 Joer ass et elo hier datt Probst'e Roby a seng deemoleg Equipe déi grouss Iddi hate fir zu Miedernach e Lëtzebuerger Weekend, a Form vun enger Ausstellung mat Produkter aus dem Ländchen, ze organiséieren. Si hunn deemools scho gemierkt dat et wichteg ass regional a lokal Liewensmëttel bekannt ze maachen.
Well beim Plangen déi sanitär Reegelen nach net gewosst waren ass dëse Lëtzebuerger Weekend nees op 1 Dag reduzéiert. Trotzdeem hu mer e attraktivt Angebot vu ganz
Stänn.
Eise Maart ass wéi gewinnt zu Miedernach ronderëm d'Schoul, wou sech allerhand gedoen huet. Eis nei Gemeng ass fäerdeg an déi nei Sportshal a MaisonRelais gi fir d ‘Rentrée 2022 a Betrib geholl. Dëst bréngt mat sech datt mer vill méi Parkplazen zur Verfügung hunn.
Di lescht Méint a Joren hunn eis gewisen datt et net gutt ass wann all déi Saachen déi mir all Dag brauchen vu wäit ewech hierkommen. Duerfir ass et esou wichteg datt mer lokal a regional produzéieren a konsuméieren. Op eisem Maart fannt dir eng grouss Auswiel vu verschiddene Liewensmëttel déi hei am Land wuessen a verschafft ginn. Eis Aussteller si frou Iech op all är Froen betreffend hir Produkter ze äntweren.
Mir freeën eis op äre Besuch.
Am Numm vum Comité Pit Friederes President vum Syndicat d’Initiative et du Tourisme Aerenzdallgemeng