Alain Lux (Louis) zum Gedenken
Jo, et geet virun, mais et geet anischt virun. D’Mähdrescher stinn erëm an der Hall, de Kaarschnatt 2022 ass gelaf.
Zu Brotebaach war et zwee Joerzingten de Louis, den e groussen Deel vom Ackerland geméint hot, dat war e von senge groussen Hobbyen, et war eng von senge grousse Leidenschaften.
Et kann a wëll een et eigentlich néck gleewen, de Louis war dës Saison néck méi derbäi. De 24. Abrëll Sonndesmoies ass den Helikopter géint 11 Auer an der Groussgaass gelant, kuerz drop gung d’Nooricht durrich d’ganzt Duerf.
„Komm séier rop et ass beim Louis.“Dunn déi schrecklich Nooricht, de Louis ass gestuerwen, an daat am bléienden Alter von nëmmen 38 Joer hot d’Famill an eis all geschockt. Fassungslos an onendlich traurig, verbonne mat andauernd deene selwischte Froe firwat eise Louis. Heen haat dach kengem eppes gedun, an esou jonk.
Gester Owend war ewer nach alles an der Rei ….
E joviale Mënsch den eis Duerfgemeinschft zesoame gehaal hot, de Freed vermëttelt hot a wann Hee konnt hëllefe wou e grad gebraucht gouf konnt een zu all Moment op Heen zréck gräifen.
„Sou lo ho mer daat o rem gepackt lo ass deen och zefridden‘‘ daat war säi Sproch.
De Louis war iwwerzeegte Junggesell,
d’Motorsee, d’Heckeschéier ëmmer an der Jeep, esou ze soen de Gäertner vom ganzen Duerf, da war Heen a sengem Element.
Grad esou beléift wéi Heen zu Brotebaach war, war Heen och als Gäertner op der Gemeng Wëntger aktiv.
Hëllefsbereet, kompetent an alle Beräicher, a seng sympathesch Aart a Weis sënn onvergeesslich a bleiwen och do an enger schéiner Erënnerung.
Heen hot Jidderengem den néidige Respekt entgéint broacht.
Geselligkeet war Him wichtig, dofir war Heen och a verschiddene Veräiner ganz aktiv.
Bei alle Fester (Flower-Power, Baurefest, Oldtimertraktortour ...) zu Brotebaach, de Grillmeester war de Louis, déi Passion hat Hee vo sengem Monni dem Neckel. Kotelettë gi selwer gewürzt a gegrillt da wosse mer waat drop ass daat war seng Devise.
Merci Louis schéin Zäit.
Merci denger Mamm dem Lucienne an dengem Brugder Frank datt mer der am Krees von dénge Léifsten an dem schwéiere Moment Sonndesmoies konnten zesoamen Äddi soen.
D'Bloume vom Begräfnis op dengem Graaf hon nie opgehaal mat bléien, et hot een den Androck Sie vermëttelen deng flott a korrekt Art a Weis, wéi's Du mat Eis zesoame geliewt hos.
Äddi Louis a villmools Merci fir all déi schéi Momenter, bei der Orbicht am Veräinsliewen an dorno beim Patt.
Rouh elo stëll bei dengem Papp dem Albert, an dem Duerf wou Jiddereen dech gären haat an nie wäert vergessen.
Mat déiwem Respekt,
Carlo Weber, President Veräiner
vo Brotebaach fir eng richtig
Hëllefsbereet a kompetent an alle Beräicher ...