Tëleesmass zu Habscht
Dëse Sonndeg gett d’Tëleesmass erëm eng Kéier aus der Nikloskierch vun Habscht iwwerdroen. Et séngt d’Patricia Frères, eng lëtzebuergesch Sopranistin mat enger ongewéinlecher, ausdrocksstaarker, emotionaler Stëmm. Si ass éischter op de Bühnen vun der Oper a Musekstheater am Ausland doheem. Dat hält si awer net of, dëse Sonndeg mat hierer waarmer Stëmm all déi ze begeeschteren, déi d’Sonndesmass mat der chrëschtlecher Gemeinschaft zu Habscht matfeieren. Och hier Stëmm wëll „Gottesdéngscht“sinn, a sou wëll si dozou bäidroen, dass mer all duerch d’Konscht vum Gesang nach méi am Häerz getraff ginn. Op der Uergel gëtt si begleet vum Abbé Joël Santer.