Luxemburger Wort

„Bus de substition CFL“

Op de P&R Draufelt hunn ech de Chauffeur misse guidéieren

-

Dëse Summer war zu Clierf en neien Event, de „Clervaux Castle Summer Music Festival 2022“. Gratulatio­unen un d'Organisate­ure fir déi flott Initiativ.

Hin an zréck mam Zuch huet relativ gutt geklappt, obschonn de leschten Zuch a Richtung Ettelbréck-Lëtzebuerg um Weekend schonn um 10.44 Auer zu Clierf fortfiert.

De Samschdeg 20. August war den Zuch „Ligne 10“duerch en Ersatzbus ersat deen a Richtung Ettelbréck

schonn um 22.13 Auer zu Clierf sollt fortfueren. Dat e mat fënnef bis zéng Minutte Verspéidun­g op der Busgare agelaf ass war nach net schlëmm. Mee du goung d'Odyssee lass.

E Bus gekennzeec­hent mat „Service spécial CFL“koum un. Ass dat do d'„Ligne 10“? Et kéint e sinn ... De Chauffeur klëmmt eraus a rifft „Wilwerwilt­z, Ettelbruck“an d'Landschaft. Ob meng Fro op hien zu Draufelt hält koum „English“wéi aus enger Kanoun an hält mir säin op Pabeier gedréckte Fuerplang virun d'Nues. Gutt datt ech de Liesbrëll bei mir hat.

Draufelt P&R stoung um Blat drop an d'Rees goung lass. D'Kuerveräic­h Stréck a Richtung „Wilwerwilt­z“huet hien zwar fonnt, ma ech hat d'Gefill wéi op der Achterbunn. Dat war gutt well et goung virun an ech hat Ersatz fir d'Schueberfo­uer well een do och mam Zuch aus dem Norden aktuell schlecht hi kënnt ausser et hëlt een déi éiweg Rees Ersatzbus/Zuch a Kaf ... Op de P&R Draufelt hunn ech de Chauffeur du misse guidéieren a mat engem „Thank you Sir“war dat et schonn.

Ech war frou dat ech op der richteger Platz aus dem Bus koum an net hu missen an der Däischtert vu Wëlwerwolz op Draufelt zréck pilgeren!

Ass dach alles ok, oder? Christian Hoerold,

Draufelt

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg